CyclocrossVictoire fir d'Lucinda Brand zu Sint-Niklaas, Marie Schreiber verpasst Top 10 knapps

RTL Lëtzebuerg
An der Belsch huet déi 37 Joer al Hollännerin op en Neits d'Konkurrenz hannert sech gelooss. Fir d'Marie Schreiber ass déi 11. Plaz erausgesprongen.
© DAVID PINTENS / BELGA MAG / BELGA VIA AFP

E Samschdeg huet sech beim Exact Cross am belsche Sint-Niklaas am Kader vum Waaslandcross 2026 d’Lucinda Brand d’Victoire geholl. D’Hollännerin war mat engem Ecart vun 9 Sekonnen op hir Landsfra Inge van der Heijden op der Arrivée ukomm. Déi drëtt Plaz um Podium war mat engem Réckstand vu 27 Sekonne fir d’Marion Norbert Riberolle aus der Belsch.

D’Marie Schreiber ass mat 1:44 Minutt hannert der Gewënnerin als 11. op d’Arrivée komm an d’Maïté Barthels hat op der 23. Plaz en Ecart vu 5:08 Minutten.

Um 15 Auer goufen d’Hären op de Parcours geschéckt, an hei huet op en Neits den Niels Vandeputte gewonnen. Wéi scho leschte Sonndeg bei der X2O Trofee zu Lille war de Belsch de Séiersten, zu Sint-Niklaas huet hie sech awer am Sprint géint säi Landsmann Michael Vanthourenhout (+ 0:00) musse behaapten. De Vanthourenhout gouf wéi schonn zu Lille den Zweeten, Drëtte gouf dës Kéier de Gerben Kuypers (+ 0:09). Mam Joran Wyseure op der véiert Plaz (+ 0:11) war dës Course kloer a belscher Hand. De Spuenier Felipe Orts Lloret koum mat 12 Sekonne Réckstand op déi fënneft Plaz. Hei war kee Lëtzebuerger um Depart.

Back to Top
CIM LOGO