Drëtt Hallschent, de Sport-Talk mam Ultra-Cyclist Ralph Diseviscourt"Den Dempster Highway ass mat dat Schéinst, wat ech jee gefuer sinn"

Rich Simon
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" ass dës Woch de Ralph Diseviscourt op Besuch.
© Rich Simon

An der Drëtter Hallschent huet de Ralph Disevsicourt ënnert anerem op d‘Joer 2025 zeréckgekuckt. D‘Zuele sinn impressionant. 334 Deeg souz den Dizzy um Vëlo. Dobäi ass hien 41.150 Kilometer gefuer. Dat ass esou wäit, wéi wann ee vu Lëtzebuerg queesch duerch den Äerdball bis an Neiséiland géif fueren. Am Ganzen huet hien op där Streck 337.712 Héichtemeter zeréckgeluecht. Anescht ausgedréckt, ass hie virtuell 38 Mol op de Mount Everest gefuer.

Iwwer den Dempster Highway un den arkteschen Ozean

Am Summer huet den Dizzy sech een Dram erfëllt. Hien ass a Kanada iwwer den Dempster Highway un den arkteschen Ozean gefuer. Dat ass eng Schotterstreck vu ronn 800 Kilometer. Am Podcast huet de Ralph Diseviscourt erzielt, datt seng Fra hien e bësse motivéiert huet, fir déi Streck mam Vëlo ze fueren. Si ass als “Support” mat den zwee Kanner an engem Camping Car hannendru gefuer. Et war fir déi ganz Famill een eenzegaartegt Erliefnis.

7.500 Kilometer vum Nordkap an Norwegen op Tarifa a Spuenien

Am Juni steet den nächsten d‘Challenge fir den Dizzy virun der Dier. Ouni Ënnerstëtzung geet hien un den Depart vun enger Course, déi um Nordkap start an d‘Arrivée a Spuenien ass. Iwwer déi ganz Streck muss hie sech selwer ëm alles bekëmmeren: Iessen organiséieren, eng Schlofplaz fannen, d‘Reparaturen um Vëlo selwer maachen a.s.w. Wann de Ralph et bis op d‘Arrivée packt, da wier et déi längste Course, déi hien bis elo a sengem Liewe gefuer ass.

Esou laang wéi ech gesond bleiwen an et mir Spaass mécht, wäert ech weiderfueren

Dëst Joer feiert den Ultra-Cyclist seng 50 Joer. Bei verschiddene Courssen, kënnt hien elo an eng aner Altersklass. Et géif hie schonns reizen, fir nees eng Kéier zu Borrego Springs an den USA bei der 24-Stonne-Weltmeeschterschaft ze starten an nees ee Weltmeeschtertitel mat op Lëtzebuerg ze bréngen. U seng sportlech Pensioun, denkt hie bis elo jiddwerfalls nach net.

Back to Top
CIM LOGO