273 Kilometer sinn e Sonndeg fir d'Coureuren tëscht Bruges an Oudenaarde ze fueren. Et falen ëmmer nees 3 Nimm, wann e Vainqueur muss genannt ginn.

De Wout van Aert huet mat senge Victoirë bei E3 Saxo Grand Prix leschte Freideg a mat Gent-Wevelgem e Sonndeg gewisen, datt hien a gudder Form ass an op de leschte Meter op säi Sprint kann zielen. De Mathieu Van der Poel sengersäits konnt mat Mailand-Sanremo schonn e Monument fir dës Saison gewannen a géif am Fall vun enger Victoire den Tour des Flandres fir eng drëtte Kéier gewannen. Den Tadej Pogacar weess, datt hie beschtefalls eleng muss ukommen a wäert am Oude Kwaremont alles dru setzen, fir d'Konkurrenz ofzehänken.

Den Alex Kirsch fiert bei Trek - Segafredo un der Säit vum Mads Pedersen a Jasper Stuyven. Bei Groupama - FDJ huet de Kevin Geniets de Valentin Madouas an de Stefan Küng u senger Säit. Béid Lëtzebuerger spillen eng wichteg Roll an hu gewisen, datt si op engem gudden Dag laang mat deene Beschte kënne mathalen.

D'Arrivée vun der Härecourse ass fir 16.30 Auer virgesinn.

Bei den Damme ginn d'Christine Majerus an d'Nina Berton un den Depart. Bei SD Worx huet ee mat Kopecky, Vollering, Reusser a Wiebes 4 Kandidatinnen op d'Victoire an der Ekipp. Fir d'Lëtzebuerger Championne geet et drëms, fir sou gutt wéi méiglech ze hëllefen. Fir Paris-Roubaix d'nächst Woch huet si eegen Ambitiounen. D'Nina Berton kritt opgrond vun hire gudde Leeschtungen Ugangs der Saison dChance, fir bei dësem grousse Klassiker dobäi ze sinn. Si fiert fir d'Ekipp Ceratizit - WNT Pro Cycling.

D'Dammecourse geet iwwer 157 Kilometer an d'Arrivée ass géint 17.30 Auer.

RTL ass vu 14 Auer u live an der Course dobäi, dat um 1. RTL an um Internet.