D'Kanadierin huet sech op der Arrivée am Vëlodrome zu Roubaix am Sprint géint fënnef Kontrahentinnen duerchgesat.

E Samschdeg de Mëtteg huet sech d'Alison Jackson vun EF Education op der drëtter Editioun vu Paris-Roubaix bei den Dammen d'Victoire geséchert. D'Kanadierin konnt sech am Sprint virun der Italienerin Katia Ragusa an dem Marthe Truyen aus der Belsch behaapten. D'Christine Majerus ass mat engem Retard vu knapps aacht Minutten op déi 56. Plaz gefuer.

145.4 Kilometer haten d'Coureuse beim Depart viru sech, 29 Kilometer dovunner um Pawee. No enger gudder hallwer Stonn hat en éischte Grupp vun 11 attackéiert. Och déi éischt Chute sollt leider nees net all ze laang op sech waarde loossen. No ronn 45 Kilometer  sinn am Peloton direkt siwe Coureusen zum Fale komm. Keng gutt Noriicht gouf et och fir d'Marianne Vos, dat e Stéck méi spéit e Platten hat an doropshi scho vill Kraaft huet missen opbrauche fir den Uschloss nees un de Peloton ze fannen. D'Christine Majerus huet sech an där Zäit weider am Peloton rëmfonnt.

Ronn 37 Kilometer waren nach ze fueren, do ass duerch eng weider gréisser Chute bal de komplette Verfolgergrupp um Pawee zum Fale komm. Virun allem d'Sanne Cant huet et hei mat enger Blessure um Kapp méi schro erwëscht. Eenzeg d'Romy Kasper war glécklech dervukomm.

Un der Spëtzt huet sech mat der Zäit ee Grupp vu 15 Coureuse forméiert, vun deem sech no an no deen een oder aneren zréckfale loosse misst. Sechs Coureuse sinn sou an de Vëlodrome zu Roubaix komm, wou d'Decisioun am Sprint ënnert fënnef vun hinne gefall ass. D'Alison Jackson hat hei um Enn nach déi meescht Kraaft an de Been a ka sech domat d'Victoire sécheren.

D'Klassement

1 JACKSON Alison 3:42:56
2 RAGUSA Katia ,,
3 TRUYEN Marthe ,,
4 DUVAL Eugénie ,,
5 BORRAS Marion ,,
6 LACH Marta 0:03
7 KOPECKY Lotte 0:12
8 GEORGI Pfeiffer ,,
9 CONSONNI Chiara ,,
10 VOS Marianne ,,

56 MAJERUS Christine 7:57