Fir den 28 Joer jonken Hollänner war et déi éischte Victoire a senger Karriär beim Klassiker Paris-Roubaix. Op déi zweete Plaz fiert den Jasper Philipsen.

Am Norden vu Frankräich gouf op Ouschtersonndeg déi 120. Editioun vum Klassiker Paris-Roubaix gefuer. Mat dobäi war och de Lëtzebuerger Alex Kirsch. De Coureur vun Trek-Segafredo fiert op déi 86. Plaz.

Et huet sech relativ fréi an der Course eng Echappée vu 4 Coureure konnten ofsetzen. Jonas Koch, Juri Hollmann, Sjoerd Bax an den Derek Gee kruten awer ni méi wéi 1 Minutt 30 Virsprong.

Ronn 100 Kilometer virun der Arrivée huet de Wout van Aert (Jumbo-Visma) op de Paweesteng vun Haveluy den Tempo forcéiert an esou fir eng sëlleg Cassüren am Peloton gesuergt. Nom Bech vun Arenberg, de Secteur 19 iwwer 2.300 Meter, huet sech un der Spëtzt eng nei Grupp mat ënnert anerem Wout van Aert, Mathieu van der Poel, Filippo Ganna a Mads Pedersen forméiert.

De Mathieu van der Poel huet ëmmer nees den Tempo am Spëtzegrupp forcéiert, konnt seng Konkurrenz an enger 1. Phase awer net ofhänken. 16 Kilometer virun der Arrivée ass et am Spëtzegrupp zu enger Chute vum John Degenkolb komm. Am selwechte Moment huet de Wout van Aert attackéiert a just de Mathieu van der Poel konnt matgoen. E kuerze Moment méi spéit hat de Wout van Aert allerdéngs e Problem mam Vëlo, sou dass de van der Poel zu dësem Zäitpunkt vun der Course eleng un der Spëtzt louch.

Den Hollänner konnt seng Avance op maximal 36 Sekonnen ausbauen. Hannendrun ass kee méi bei komm, sou dass de Mathieu van der Poel fir eng éischte Kéier a senger Karriär de Klassiker Paris-Roubaix fir sech entscheeden konnt. Op déi zweete Plaz fiert den Jasper Philipsen. Déi drëtte Plaz um Podium ass fir den Wout van Aert.

Den Alex Kirsch fiert mat engem Retard vun iwwer 17 Minutten op déi 87. Plaz

D'Course vun de Juniore gouf vum Fransous Matys Grisel gewonnen. De Noa Berton ass op eng gutt 9. Plaz gefuer.

D'Resultat 

1 VAN DER POEL Mathieu, Alpecin-Deceuninck, 5:28:41
2 PHILIPSEN Jasper, Alpecin-Deceuninck, 0:46
3 VAN AERT Wout, Jumbo-Visma, ,,
4 PEDERSEN Mads, Trek – Segafredo, 0:50
5 KÜNG Stefan, Groupama - FDJ 360 ,,
6 GANNA Filippo, INEOS Grenadiers ,,
7 DEGENKOLB John, Team DSM, 2:35
8 WALSCHEID Max, Cofidis, 3:31
9 REX Laurenz, Intermarché - Circus – Wanty, 3:35
10 LAPORTE Christophe , Jumbo-Visma, 4:11