Den Tadej Pogacar geet als grousse Favorit un den Depart
E Sonndeg ass zu Maastricht den Depart vun der 58. Editioun vun der Amstel Gold Race.
Grousse Favorit op d'Victoire ass den Tadej Pogacar. De Sloween huet den Tour des Flandres dominéiert, huet Paris - Roubaix ausgelooss a géif gären eng éischte Kéier a Limburg gewannen. Dat wëssen déi aner Ekippen, a sichen no Léisungen, wéi een den zweefachen Tour-Gewënner kéint a Schwieregkeete bréngen. Wéi de Lëtzebuerger Kevin Geniets, dee fir Groupama-FDJ un den Depart geet, wäert dat awer schwéier ginn:
"Et ass kloer, datt de Pogacar de grousse Favorit ass. Am Tour des Flandres hat jidderee geduecht, datt si d'Echappée net méi géifen erëm kréien an awer hu se et gepackt. Ech denken, datt all Ekipp wäert probéieren, vir ze sinn, éier hien attackéiert. Doduerch gëtt d'Finall fréi lancéiert a gëtt méi schwéier. Physesch kënnen déi Meescht net mat him mathalen."
D'franséisch Ekipp ronderëm de Kevin Geniets ass gutt opgestallt an hofft op hir Kapitänen. Den David Gaudu hat bei Paris-Nice gewisen, datt dëst Joer mat him ze rechnen ass. Ma dem Kevin Geniets no wier den Amstel éischter eng Saach fir de Valentin Madouas.
Kevin Geniets: "Ech denken, datt d'Amstel Gold Race dem Madouas perfekt misst leien. De Gaudu gesinn ech éischter an der Flèche Wallonne oder bei Léck-Baaschtnech-Léck. Do war hie schonn an den Top 5."
De Kevin Geniets war nom Tour des Flandres krank ginn an hat e puer Deeg misse pausen. Zejoert war hien d'Amstel fir déi éischte Kéiere gefuer an hat sech als 43. klasséiert.
Kevin Geniets: "Nom Tour des Flandres war ech 3 Deeg krank, dat erkläert firwat et do net gutt gelaf ass, ech hu misse pausen a konnt dono nees gutt trainéieren. D'Form misst deemno ganz an der Rei sinn. Fir mech kënnt lo e leschte wichtege Block vu Courssen, fir d'Fréijoer ofzeschléissen."
Aus Lëtzebuerger Sicht geet och den Arthur Kluckers un den Depart. Den 23 Joer jonke Coureur ass vu Leopard bei déi Schwäizer Ekipp Tudor gewiesselt a fiert no Mailand-Sanremo e Sonndeg säin zweete grousse Klassiker.
Vun e Samschdeg 15 Auer u kënnt dir d'Amstel Gold Race live op RTL Tëlee Lëtzebuerg an um Stream op RTL.lu suivéieren.