Tadej Pogacar setzt sech en solitaire duerch
De Favorit huet sech virum Ben Healy an dem Thomas Pidcock duerchgesat. De Kevin Geniets huet sech um Enn op der gudder 16. Plaz klasséiert.
Ronn 37 Kilometer virun der Arrivée huet de grousse Favorit Tadej Pogacar (UAE Team Emirates) eng seck Attack aus engem Spëtzegrupp lancéiert. Den Thomas Pidcock (INEOS Grenadiers) an de Ben Healy (EF Pro Cycling) waren an enger éischter Phas déi eenzeg, déi dem Pogacar konnten nofueren. Knapp 10 Kilometer méi spéit huet de Slowen am Keutenberg op e Neits acceleréiert an huet sech vum Pidcock an Healy ofgesat. De Pogacar konnt sech lues awer sécher Sekonn ëm Sekonn ofsetzen a gouf bis op d'Arrivée net méi ageholl.
Hannendrun huet sech de Ben Healy 13 Kilometer virun der Arrivée vum Thomas Pidcock ofgesat a sech sou déi zweet Plaz geséchert. Hien hat e Retard vun 38 Sekonnen op de Gewënner. De Pidcock huet sech déi 3. Plaz mat engem Réckstand vun 2 Minutten a 14 Sekonnen geséchert.
Aus Lëtzebuerger Siicht ass de Kevin Geniets (Groupama - FDJ) eng staark Course gefuer. Hien huet sech bis 37 Kilometer viru Schluss am selwechte Grupp wéi de Pogacar opgehalen an huet sech um Enn op der 16. Plaz klasséiert. Hien hat e Retard vun 3 Minutten a 16 Sekonnen op de Pogacar. Den Arthur Kluckers (Tudor Pro Cycling Team) gouf den 42. op 8 Minutten a 26 Sekonnen.
Bei den Damme gouf et den éischte Succès vum Demi Vollering (SD Worx) bei dëser Course. Op déi 2. Plaz koum no 155,8 Kilometer d'Lotte Kopecky (SD Worx). De Podium gouf vum Shirin van Anrooij (Trek – Segafredo) komplettéiert.
D'Klassement vun den Hären
1 Pogacar Tadej UAE Team Emirates 06:02:02
2 Healy Ben EF Education-EasyPost +0:38
3 Pidcock Tom INEOS Grenadiers 325 +02:14
4 Kron Andreas Lotto Dstny +02:14
5 Lutsenko Alexey Astana Qazaqstan Team +02:14
6 Bagioli Andrea Soudal Quick-Step +03:14
7 Van Gils Maxim Lotto Dstny +03:14
8 Skjelmose Jensen Mattias Trek-Segafredo +03:14
9 Kamp Alexander Tudor Pro Cycling Team +03:14
10 Zingle Axel Cofidis 85 +03:14
...
16 Geniets Kevin Groupama - FDJ +03:16
42 Kluckers Arthur Tudor Pro Cycling Team +08:26
D'Klassement vun den Dammen
1 Vollering Demi Team SD Worx 04:06:54
2 Kopecky Lotte Team SD Worx + 8 Sekonnen
3 van Anrooij Shirin Trek-Segafredo "
4 Niewiadoma Katarzyna CANYON//SRAM Racing "
5 Paladin Soraya CANYON//SRAM Racing "