Festival Elsy Jacobs dëst Joer just iwwer 2 Deeg
Am Vëlossport gëtt um Enn vum Mount de Festival Elsy Jacobs gefuer. Dës Course ass zënter 2008 de wichtegste Rendez-vous fir d'Dammen hei am Land.
Dëst Joer gëtt d'Epreuve par rapport zu de leschte Joren am Plaz vun 3 just awer iwwer 2 Deeg gefuer.
Den 29. an den 30. Abrëll rullt den Damme-Peloton nees iwwer d'Lëtzebuerger Stroossen. Zanter 2012 gouf dës Course ëmmer iwwer 3 Deeg gefuer, dat mat engem Prolog, also engem kuerzen Zäitfueren um éischten Dag. Dat huet ee lo awer geännert.
Claude Losch, Course-Direkter Festival Elsy Jacobs:
"Mir haten de Problem, datt freides an der Stad ëmmer e grousse Verkéierschaos war. Lo si mir frou, mat der Stad Lëtzebuerg an deene vu Stengefort eng flott Léisung fonnt ze hunn. De Stade de Luxembourg ass och eng immens flott Plaz fir fortzefueren."
Op der éischter Etapp geet et vum Stade de Luxembourg a Richtung Stengefort. Déi 2. féiert op Garnech. D'Arrivée zu Stengefort dierft dem Christine Majerus nach a gudder Erënnerung sinn. Am Joer 2017 hat d'Lëtzebuerger Championne hei d'Etapp gewonnen an daags drop hiren Numm fir déi éischten a bis elo eenzeg Kéier an der Palmarès vum Festival agedroen. Dëst Joer fiert si an enger Lëtzebuerger Nationalekipp an hofft wichteg Punkten en vue vun den Olympesche Spiller vu Paräis ze sammelen.
Michel Zangerlé, Trainer vum Christine Majerus:
"Fir d'éischt ass et nees flott, datt d'Christine Majerus nees dobäi ass. Dat ass déi 15. Kéier a 15 Editiounen. Dann ass et richteg, datt et en Zil ass, fir Punkte fir d'Olympesch Spiller ze sammelen. Dat ass och de Grond, firwat d'Federatioun d'Christine an deem Projet ënnerstëtzt."
Op Grond vun der Vuelta fir d'Fraen, déi schonn den 1. Mee ufänkt, hunn d'Organisateuren e manner grousse Plateau u World-Tour-Ekippen um Depart. Dat mécht d'Course sécher net manner spannend an dovunner kéinten anerer profitéieren.
Nina Berton, Ceratizit-WNT Pro Cycling:
"Mir komme mat Ambitiounen an dës Course. Ech kennen d'Stroossen an de Parcours an ech wäert och e bëssen anescht an dës Courssen eragoen. Et ass wichteg, weider ze léieren, och fir sou eng Course op eng aner Aart a Wéis ze fueren."
Virum Festival Elsy Jacobs geet d'Nina Berton awer fir d'éischt e Sonndeg nach zu Baaschtnech un den Depart.