Den Evenepoel widderhëlt säin Exploit vun 2022, nodeems hien 30 Kilometer virun der Arrivée déi decisiv Attack lancéiert hat.

D'Course bei den Hären

De Belsch Remco Evenepoel gewënnt en solitaire déi 109. Editioun vu Léck-Baaschtnesch-Léck. De Belsch huet sech bei sengem Heemspill no senger Victoire am leschte Joer eng weider Kéier an de Palmarès vum Klassiker agedroen.

RTL

© RTL / Roland Miny

An der drëttleschter Montée op der Côte de la Redoute gouf eng Ausräissergrupp vum Peloton agefaangen an de Remco Evenepoel huet sech mam Thomas Pidcock un d'Spëtzt gesat. E puer Kilometer no der Côte de la Redoute huet de Belsch nach eng Kéier acceleréiert a säin englesche Kontrahent ofgehaangen. Déi lescht 30 Kilometer waren déi naass Stroossen de gréissten Obstakel fir den Evenepoel, déi hien awer ouni Chute hannert sech bruecht huet an no 258 Kilometer verdéngt als Éischten iwwer d'Ligne d'arrivée gefuer ass.

Den Thomas Pidcock kroopt sech am Sprint géint de Santiago Buitrago an de Ben Healy déi zweet Plaz, Drëtte gëtt de Kolumbianer virum Ier.

RTL

© Roland Miny / pressphoto.rtl.lu

An der éischter Hallschent vun der Course koum et am Peloton zu enger Chutte, déi dozou gefouert huet, datt de Sloween Tadej Pogacar, deen d'Course virun zwee Joer gewonnen hat an och nees als Favorit gegollt huet, huet missen opginn.

De Kevin Geniets war de Gros vun der Course am Peloton ënnerwee, huet awer 35 km virun der Arrivée mussen ofräisse loossen a koum mat engem Réckstand vun iwwer 10 Minutten als 52. an d'Zil.

RTL

© RTL / Roland Miny

D'Course bei den Dammen

Éier d'Häre sech op de Wee gemaach hunn, waren d'Damme scho laang ënnerwee. Si hunn 142, 8 Kilometer hannert sech bruecht an hei huet d'Demi Vollering aus Holland sech zum Schluss duerchgesat, datt zäitgläich mat der Italienerin Elisa Longo an der Schwäizerin Marlen Reusser.

D'Nina Berton koum mat engem Retard vun knapp iwwer 8 Minutten op déi 51. Plaz an d'Christine Majerus koum mam leschte Grupp iwwert d'Linn, dat als 90. mat 16 Minutten a 35 Sekonnen hannert der Gewënnerin.