Den Ethan Vernon wënnt déi éischt Etapp

© FABRICE COFFRINI / AFP
Op der 1. Etapp vum Tour de Romandie an der Schwäiz gouf et e Mëttwoch eng Victoire fir de Britt Ethan Vernon.
Tëscht Crissier a Vallée de Joux war de Coureur vu Soudal - Quick Step no 170,9 Kilometer am Sprint méi séier wéi de Belsch Thibau Nys. Op déi 3. Plaz koum de Milan Menten vu Lotto Dstny. De Bob Jungels klasséiert sech haut an der selwechter Zäit wéi de Gewënner als 70. Den Arthur Kluckers ass als 144. iwwer d'Arrivée gefuer an hat genee wéi de Luc Wirtgen, deen den 147. gouf, e Retard vun 10 Minutten a 50 Sekonnen.
Am Generalklassement ass den Ethan Vernon lo de néie Leader. De Bob Jungels verbessert sech op déi 24. Plaz, dat mat engem Retard vun 17 Sekonnen op de Leader . Kluckers a Wirtgen léien hei op de Plazen 120. an 145.
De Klassement vun der éischter Etapp
1 VERNON Ethan Soudal - Quick Step 4:05:34
2 NYS Thibau Trek - Segafredo ,,
3 MENTEN Milan Lotto Dstny ,,
4 BARDET Romain Team DSM ,,
5 MOSCA Jacopo Trek - Segafredo ,,
6 SCHULTZ Nick Israel - Premier Tech ,,
7 MEJANE Lilian Intermarché - Circus - Wanty ,,
8 VENTURINI Clément AG2R Citroën Team ,,
9 OLIVEIRA Ivo UAE Team Emirates ,,
10 HERMANS Quinten Alpecin-Deceuninck ,,
.
.
.
70 JUNGELS Bob ,,
.
.
.
144 KLUCKERS Arthur 10:50
.
.
.
147 WIRTGEN Luc ,,