Ethan Hayter setzt sech am Sprint duerch

© Val Wagner
Op der 2. Etapp vum Tour de Romandie an der Schwäiz goung et en Donneschdeg iwwer 162,7 Kilometer vu Morteau op La Chaux-de-Fonds.
An do gouf d'Etapp am Sprint decidéiert. De Britt Ethan Hayter hat no 3 Stonnen, 55 Minutten an 20 Sekonnen déi beschte Been an huet den Juan Ayuso a Romain Bardet op d'Éiereplaze verdrängt. De Bob Jungels fiert als 68. iwwert d'Arrivée mat engem Retard vun 1 Minutt 40 op de Vainqueur. De Luc Wirtgen gëtt de 74. op 3 Minutten 08, den Arthur Kluckers den 125. op 13 Minutte 27.
Am Generalklassement ass den Ethan Hayter elo neie Leader, 6 Sekonnen op den Tobias Foss an den Rémi Cavagna. De Bob Jungels fält op déi 63. Plaz, dat mat engem Retard vu just iwwer zwou Minutten op de Leader. Wirtgen a Kluckers léien hei op de Plazen 118 (+14'51'') an 127 (+24'32'').
D'Top 10 vun der Etapp
1 HAYTER Ethan INEOS Grenadiers 3:55:20
2 AYUSO Juan UAE Team Emirates ,,
3 BARDET Romain Team DSM ,,
4 SOBRERO Matteo Team Jayco AlUla ,,
5 ONLEY Oscar Team DSM ,,
6 SWEENY Harry Lotto Dstny,,
7 GOOSSENS Kobe Intermarché - Circus - Wanty ,,
8 CORT Magnus EF Education-EasyPost ,,
9 FISHER-BLACK Finn UAE Team Emirates ,,
10 SCHULTZ Nick Israel - Premier Tech ,,
D'Generalklassement
1 HAYTER Ethan INEOS Grenadiers 8:08:14
2 FOSS Tobias Jumbo-Visma 0:06
3 CAVAGNA Rémi Soudal - Quick Step ,,
4 AYUSO Juan UAE Team Emirates 0:11
5 SOBRERO Matteo Team Jayco AlUla 0:14
6 OLIVEIRA Nelson Movistar Team 0:15
7 BARDET Romain Team DSM 0:17
8 CASTROVIEJO Jonathan INEOS Grenadiers ,,
9 FISHER-BLACK Finn UAE Team Emirates ,,
10 KEPPLINGER Rainer Bahrain - Victorious 0:18