De Bob Jungels ass fir de Giro d'Italia selektionéiert

© AFP Archivbild
De Coureur huet e Freideg de Moien op de soziale Medie matgedeelt, datt hie fir de Giro d'Italia selektionéiert gouf.
2016 an 2017 hat de Lëtzebuerger am Giro d'Klassement vum beschte jonke Coureur gewonnen a konnt sech am Generalklassement op der 6. an 8. Plaz klasséieren. 2017 hat de Lëtzebuerger Champion am Zäitfueren och déi 15. Etapp vu Valdengo op Bergamo virum Nairo Quintana an dem Thibaut Pinot gewonnen.
Déi 106. Editioun vum Giro fänkt de 6. Mee zu Fossacesia Marina un an dauert bis den 28. Mee mat der Arrivée zu Roum. Nieft dem Bob Jungels sinn aus Lëtzebuerger Sicht och nach den Alex Kirsch an de Michel Ries virgesinn, fir dës Course ze fueren.