De Britt gewënnt mat enger Avance vu siwe Sekonnen op den Thibaut Pinot. Den Damiano Caruso komplettéiert de Podium.

Den Adam Yates gewënnt déi véiert Etapp vum Tour duerch d'Romandie, nodeem hie sech den Dag virdrun als Drëtte klasséiert hat. De Britt hat zwee Kilometer virun der Arrivée attackéiert an dem Thibaut Pinot, dem Zweetplacéierte vun der Etapp um Samschdeg, wichteg Meteren ofgeholl.

Den Adam Yates ass och neie Leader am General an huet do 19 Sekonne Virsprong op de Matteo Jorgenson a 27 Sekonnen op den Damiano Caruso.

D'Lëtzebuerger Coureuren hu sech haut net vill gewisen. De Bob Jungels fiert als beschte Lëtzebuerger als 43. iwwer d'Ligne d'arrivée (+ 7'11'). De Luc Wirtgen gëtt 58. (+ 11'29'') an den Arthur Kluckers klasséiert sech als 92. (+ 31'20'').

Am General läit de Bob Jungels elo mat engem vun 9 Minutten 40 Sekonnen op der 45. Plaz, de Luc Wirtgen ass 73. an den Arthur Kluckers ass 116.

Um Sonndeg ass déi lescht Etapp iwwer 170 Kilometer vu Vufflens-la-ville op Genf.

D'Klassement vun der véierter Etapp

1 YATES Adam 4:40:41
2 PINOT Thibaut 0:07
3 CARUSO Damiano 0:19
4 POOLE David 0:21
5 JORGENSON Matteo 0:21
6 UIJTDEBROEKS Cian 0:23
7 BARDET Romain 0:45
8 BERNAL Ergan 0:54
9 DUNBAR Edward 0:54
10 GLOAG Thomas 0:54
...
43 JUNGELS Bob 7:11
58 WIRTGEN Luc 11:29
92 KLUCKERS Arthur 31:20