D'Italieenerin setzt sech am Sprint virun der Ally Wollaston an der Eleonora Gasparrini duerch. D'Christine Majerus gëtt 14.

No 111 Kilometer vun der Stad op Stengefort konnt sech d'Marta Bastianelli als Éischt klasséieren. Am Sprint vun e puer Coureurinnen hat d'Italieenerin géint d'Ally Wollaston an d'Eleonora Gasparrini d'Nues vir.

Et war déi 44. Victoire fir d'Bastianelli an hirer Karriär, déi elo mat 35 Joer an 364 Deeg déi eelst Gewënnerin vum Festival Elsy Jacobs ass.

D'Christine Majerus war bis zum Schluss an der éischter Grupp mat dobäi an hat op de leschte 600 Meter attackéiert, mee dat sollt net vun Erfolleg gekréint ginn. D'Lëtzebuergerin gëtt schlussendlech 14. mat fënnef Sekonne Retard.

D'Nina Berton hat sech no 50 Kilometer mam Sophie Wright vum Peloton ofgesat an huet fläisseg Punkten an der Biergkategorie gesammelt an ass Leader an deem Klassement. Déi jonk Lëtzebuergerin gouf 20 Kilometer virun der Arrivée vum Peloton nees agefaangen a klasséiert sech um Enn op Positioun 34 op 1'24''.