D'Christine Majerus war ganz aktiv a gouf dat 7. op der leschter Etapp. D'Nina Berton huet sech de Biergtrikot geséchert.

Um Sonndeg gouf déi lescht Etapp iwwer 115,6 Kilometer vun der Stad op Garnech gefuer.

An déi gouf vum Ally Wollaston (AG Insurance - Soudal Quick-Step) am Sprint aus engem klenge Spëtzegrupp gewonnen. D'Plazen 2 an 3 ware fir d'Marta Bastianelli (UAE Team ADQ) an d'Anouska Koster (Uno-X Pro Cycling Team). Ronn 6 Kilometer viru Schluss gouf et eng Attack vum Anouska Koster bei där just 4 aner Fuererinnen matgoe konnten.

Am General war et eng ganz knapp Saach tëschent dem Wollaston an dem Bastianelli. Duerch d'Victoire huet sech d'Wollaston awer mat enger Sekonn Virsprong de General geséchert. D'Anouk Koster gouf dat 3.. D'Wollaston huet sech och am Punkteklassement duerchgesat a war och déi bescht jonk Fuererin.

Aus Lëtzebuerger Siicht ass d'Christine Majerus eng aktiv Course gefuer. An de leschten 30 Kilometer huet hat ëmmer nees attackéiert an de Spëtzegrupp ass doduerch méi kleng ginn. Bei der Attack vum Koster konnt d'Majerus awer net matgoen. An der Etapp huet sech d'Majerus op der gudder 7. Plaz an am General op der 10. Plaz mat engem Retard vun 28 Sekonne klasséiert. D'Nina Berton huet um Sonndeg nees Punkten am Biergklassement gesammelt an dës Wäertung och fir sech entscheet.