Déi lescht Etapp gouf am Sprint vum Fernando Gaviria gewonnen. De Bob Jungels klasséiert sech um Enn op der 42. Plaz.

Um Sonndeg ass déi lescht Etapp iwwer 170 Kilometer vu Vufflens-la-ville op Genf gefuer ginn.

De Fernando Gaviria (Movistar) huet sech am Sprint virum Nikias Arndt (Bahrain - Victorious) an dem Ethan Hayter (Ineo Grenadiers) duerchgesat. De Bob Jungels ass mam Peloton iwwert d'Arrivée gefuer.

Den anere Lëtzebuerger Arthur Kluckers huet mat 2 anere Coureure ronn 25 Kilometer viru Schluss attackéiert, gouf awer kuerz viru Schluss nees agefaangen. De Kluckers gouf an der Etapp den 88. op 54 Sekonnen. De Luc Wirtgen gouf den 115. op iwwer 9 Minutten.

Den Adam Yates huet sech d'Schlussvictoire virum Matteo Jorgensen an dem Damiano Caruso geséchert. De Jungels ass um Enn den 42. ginn. De Wirtgen an de Kluckers  hu sech op de Plaze 76 an 100 klasséiert.

D'Klassement vun der Etapp

1 GAVIRIA Fernando Movistar Team 3:58:01
2 ARNDT Nikias Bahrain - Victorious ,,
3 HAYTER Ethan INEOS Grenadiers ,,
4 MENTEN Milan Lotto Dstny ,,
5 GAROFOLI Gianmarco Astana Qazaqstan ,,
6 MOZZATO Luca Team Arkéa Samsic ,,
7 ASKEY Lewis Groupama - FDJ ,,
8 CORT Magnus EF Education-EasyPost ,,
9 SOBRERO Matteo Team Jayco AlUla ,,
10 SMITH Dion Intermarché - Circus - Wanty ,,
...
49 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe "
88 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team +0:54
115 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team +9:25

De General

1 YATES Adam UAE Team Emirates 17:12:42
2 JORGENSON Matteo Movistar Team +0:19
3 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious +0:27
4 POOLE Max Team DSM +0:38
5 PINOT Thibaut Groupama - FDJ +0:41
...
42 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe +9:40
76 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team +37:48
100 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team +59:17