"Déi lescht 10 Deeg kann ech och emol op mech fueren"

© Laurent Weber
De Bob Jungels kennt dës Course gutt an de Coureur vu BORA - hansgrohe huet viru Joren do grouss Erfolleger gefeiert.
2016 war de Bob Jungels de beschte Jonken a konnt sech am Generalklassement als 6. klasséieren. Dat Joer drop war den deemolege Coureur vu Quick - Step Floors den 8. an hat op engem 21. Mee déi 15. Etapp vu Valdengo op Bergamo gewonnen. Genee wéi viru 6 Joer geet et dëst Joer och op der 15. Etapp, iwwregens den 21. Mee, op Bergamo. D'Viraussetzunge fir de Lëtzebuerger Champion am Zäitfuere sinn awer ganz anerer wéi 2017. No Paris - Nice war de Bob Jungels krank ginn a konnt keng Course fueren. Doropshin huet ee sech decidéiert, de Giro an de Programm ze huelen.
Wéi scho geschriwwen, huet de Bob Jungels excellent Erënnerungen un de Giro d'Italia. Dëst Joer geet ee mat enger staarker Ekipp an d'Course, déi e Samschdeg ufänkt.
Duerch manner Training wéi gewinnt weess een net genee, wat ee sech iwwer déi nächst 3 Woche kann erwaarden. Den 30 Joer jonke Sportler geet dovunner aus, datt hien am Laf vun der zweeter Woch de Rhythmus misst hunn, fir op där eng oder anerer Etapp e Wuert matzeschwätzen.
De Giro an den Tour de France stinn am Programm vum Lëtzebuerger. Dotëscht bleift wéineg Zäit, fir nach vill aner Coursen ze fueren.