De Belsch gewënnt mat grousser Avance virum Filippo Ganna an dem Joao Almeida. De Bob Jungels klasséiert sech als 26.

Op der éischter Etapp vum Giro d'Italia goung et am Zäitfueren iwwer knapp 20 Kilometer vu Fossacesia Marina op Ortona laanscht d'adriatesch Küst. Hei war de Remco Evenepoel net ze schloen. De Coureur vu Soudal-QuickStep ass quasi duerch d'Stroosse geflunn an huet senger Konkurrenz mat enger Zäit vun 21'18'' keng Chance gelooss.

Op déi zweet Plaz koum de Lokalmatador Filippo Ganna mat engem Retard vun 22 Sekonnen an de Joao Almeida huet sech déi drëtt Plaz gekroopt (+ 29''). Ee vun de Matfavoritten, de Primoz Roglic huet sech mat engem Retard vun 43 Sekonnen als Fënnefte klasséiert.

De Bob Jungels huet sech als beschte Lëtzebuerger op Plaz 26 klasséiert an hat 1'26'' Réckstand op de Gewënner Evenepoel. Déi weider Lëtzebuerger Alex Kirsch (+ 2'01'') a Michel Ries (+ 3'20'') goufen 59. respektiv 150.

D'Klassement vun der Etapp

1 Evenepoel Remco Soudal - Quick Step 21:18
2 Ganna Filippo INEOS Grenadiers 0:22
3 Almeida João UAE Team Emirates 0:29
4 Geoghegan Hart Tao INEOS Grenadiers 0:40
5 Küng Stefan Groupama - FDJ 0:43
6 Roglič Primož Jumbo-Visma 0:43
7 Vine Jay UAE Team Emirates 0:46
8 McNulty Brandon UAE Team Emirates 0:48
9 Thomas Geraint INEOS Grenadiers 0:55
10 Vlasov Aleksandr BORA - hansgrohe 0:55
...
25 Jungels Bob Réckstand 1:26
59 Kirsch Alex 2:01
150 Ries Michel 3:20