Den Italieener gewënnt virum David Dekker an dem Kaden Groves op de leschte Meteren. De Remco Evenepoel bleift am rosa Maillot.

Op der zweeter Etapp vun Teramo op San Salvo huet de Jonathan Milan sech souverän am Sprint duerchgesat. Op der laanger Ligne droite huet den Italieener 150 Meter virum Zil ugezunn an den David Dekker aus Holland an den Australier Kaden Groves op d'Plaze verwisen. Et war déi 383. Victoire vun engem Italieener beim Giro d'Italia, deen elo 13. am General ass.

Eng Ausräissergrupp vu fënnef Mann hat sech direkt nom Depart dervu gemaach, gouf awer 34 Kilometer virun der Arrivée nees vum Peloton agefaangen. An der Schlussphas huet d'Ekipp Ineos Grenadiers de Lead am Peloton iwwerholl, konnten hir Leit awer net am viischten Deel placéieren.

De Remco Evenepoel gëtt op der zweeter Etapp den 26. a behält säi rosa Maillot mat enger Avance vu weiderhin 22 Sekonnen op de Filippo Ganna.

No 202 Kilometer kënnt de Bob Jungels als beschte Lëtzebuerger mat engem Retard vun 34 Sekonnen als 119. un. De Michel Ries an den Alex Kirsch  fueren als 143. respektiv als 158. iwwer d'Ligne d'arrivée. Am Generalklassement läit de Bob Jungels op Plaz 42, den Alex Kirsch ass 85. an de Michel Ries ass 149.

D'Klassement vun der Etapp

1 Jonathan Milan 4:55:11
2 Davide Dekker 0:00
3 Kaden Groves 0:00
4 Arne Marit 0:00
5 Marius Mayrhofer 0:00
6 Pascal Ackermann 0:00
7 Fernando Gaviria 0:00
8 Niccolo Bonifazio 0:00
9 Jake Stewart 0:00
10 Michael Matthews 0:00
...
119 Bob Jungels 0:34
143 Michel Ries 0:34
158 Alex Kirsch 0:49

D'Generalklassement

1 Remco Evenepoel 5:16:29
2 Filippo Ganna 0:22
3 Joao Almeida 0:29
4 Stefan Küng 0:43
5 Primoz Roglic 0:43
6 Geraint Thomas 0:55
7 Aleksandr Vlasov 0:55
8 Tao Geogheghan Hart 0:59
9 Brandon McNulty 1:00
10 Jay Vine 1:05
...
42 Bob Jungels 2:00
85 Alex Kirsch 2:50
149 Michel Ries 3:59