Inklusiounsprojet vum Déifferdenger Jugendhaus mat de Special Olympics
Zwee Sportler wäerte Lëtzebuerg zu Berlin am Vëlossport vertrieden.
D'Ekipp vun de Special Olympics ënner der Leedung vum Roberto Traversini trëfft sech all zwou Woche mat de Jonken aus dem Jugendhaus Déifferdeng an hiren Educateure fir en Tour vu ronn annerhallef Stonn ze fueren. Dëse Samschdeg war och de Sportsministère op Besuch. Zwee Sportler wäerte Lëtzebuerg zu Berlin am Vëlossport vertrieden. Ongeféier 200 Sportler wäerten un dëser Disziplin, déi 1987 op de Special Olympics agefouert ginn ass, deelhuelen.
Besonnesch flott a wichteg ass d'Initiativ fir déi Jonk aus dem Jugendhaus mat an de Projet anzebannen. Dovu wollt sech och de Sportminister Georges Engel e Bild maachen a war op Visitt komm.