E Sonndeg ass a Spuenien no siwen Etappen d'Vuelta vun den Dammen op en Enn gaangen. Mam Marie Schreiber war eng Lëtzebuergerin um Depart.

D'Annemiek van Vleuten huet déi 9. Editioun vun der La Vuelta Feminina gewonnen. D'Hollännerin, fir déi et déi drëtte Victoire hannereneen ass, huet sech no siwen Etappe mat enger Avance vun néng Sekonne virun hirer Landsfra Demi Vollering behaapt. Op déi drëtte Plaz ass d'Gaia Realini aus Italien gefuer. Si hat e Réckstand vun 2 Minutten an 41 Sekonnen.

Bis zum Schluss war et ganz spannend. D'Annemiek van Vleuten hat e Samschdeg de roude Maillot vum Demi Vollering iwwerholl a war mat engem Virsprong vun enger Minutt an 11 Sekonnen op déi lescht Etapp gaangen. Hei huet d'Vollering an der Schlussmontée attackéiert, sech d'Etappevictoire geséchert, ma fir d'Schlussvictoire hunn um Enn 9 Sekonne gefeelt.

Mam Marie Schreiber war och eng Lëtzebuergerin um Depart. Fir si war et déi éischt grouss Etappecourse op der Strooss. Si huet déi ganz Woch iwwer fir hir Ekipp SD Worx an d'Demi Vollering geschafft. Um Enn kënnt déi 20 Joer al Lëtzebuergerin op déi 94. Plaz mat engem Retard vun enger Stonn a 14 Minutten.