Paret-Peintre gewënnt virum Leknessund, deen elo Éischten am Klassement ass

© Jasper Jacobs via AFP
Op der 4. Etapp vum Giro d'Italia ass et en Dënschdeg iwwert 175 Kilometer vu Venosa op de Lago Laceno gaangen. Gewanne konnt dobäi de Paret-Peintre.
D'Decisioun ëm d'Victoire sollt um Sommet vum Colle Molella tëscht zwee Coureure falen. De Fransous Paret-Peintre souwéi den Norweger Leknessund konnte sech an der leschter vun am Ganzen dräi Montéeë vum Spëtzegrupp distanzéieren a si bis zulescht ëm d'Victoire gefuer. Am Sprint konnt dunn de Paret-Peintre virum Leknessund iwwert de wäisse Stréch fueren. Komplettéiert gëtt de Podium vum Toms Skujins aus Lettland. Dëse kënnt mat 57 Sekonne Retard un.
Scho relativ fréi an der Course konnt sech e Spëtzegrupp ëm siwe Coureure forméieren, dee sech nom 78. Kilometer vum Peloton distanzéiere konnt. Allerdéngs ass dëse Grupp am Laf vun der Course ëmmer méi kleng ginn, soudatt um Enn nëmmen nach zwee Fuerer aus dësem Grupp zesummen um leschte Sommet ukomm sinn.
De rosa Trikot wiesselt iwwerdeems en Dënschdeg de Besëtzer. De Remco Evenepoel muss dësen no der véierter Etapp un den Andreas Leknessund ofginn.
De beschte Lëtzebuerger ass en Dënschdeg iwwerdeems de Bob Jungels ginn. Hie kënnt als 48. mat 5 Minutten a 37 Sekonne Retard iwwert d'Ligne d'Arrivée. Den Alex Kirsch gëtt den 114. op 15 Minutten an eng Sekonn. De Michel Ries kënnt als 141. mat 25 Minutten a 37 Sekonne Retard iwwert de wäisse Stréch. Am General ass de Bob Jungels elo op der 67. Plaz. Den Alex Kirsch steet op der 97. Plaz. An de Michel Ries fënnt sech op der 118. Plaz erëm.
D'Klassement vun der Etapp
1 PARET-PEINTRE Aurélien 4:16:04
2 LEKNESSUND Andreas 0:02
3 SKUJIŅŠ Toms 0:57
4 ALBANESE Vincenzo ,,
5 CONCI Nicola 1:02
6 GHEBREIGZABHIER Amanuel 1:07
7 BOUWMAN Koen 2:01
8 CARUSO Damiano ,,
9 DUNBAR Eddie ,,
10 VLASOV Aleksandr ,,
...
48 JUNGELS Bob 5:37
114 KIRSCH Alex 15:01
141 RIES Michel 25:37
D'Generalklassement
1 LEKNESSUND Andreas 14:35:44
2 EVENEPOEL Remco 0:28
3 PARET-PEINTRE Aurélien 0:30
4 ALMEIDA João 1:00
5 ROGLIČ Primož 1:12
6 THOMAS Geraint 1:26
7 VLASOV Aleksandr ,,
8 SKUJIŅŠ Toms 1:29
9 GEOGHEGAN HART Tao 1:30
10 VINE Jay 1:36
...
67 JUNGELS Bob 15:14
97 KIRSCH Alex 25:28
118 RIES Michel 30:09