Leader am General bleift den Norweger Andreas Leknessund.

De Kaden Groves huet zu Salerno déi 5. Etapp vum Giro d'Italia am Massesprint gewonnen. Den Australier huet sech an enger extrem chaotescher Finall mat dräi Chutten op de leschte 6,5 Kilometer virum Jonathan Milan an dem Mads Pedersen duerchgesat. De Marc Cavendish ass als 5. iwwert d'Arrivée gefall.

Ënnert de Coureuren, déi gefall sinn, war och de Remco Evenepoel. De Belsch ass e Mëttwoch direkt zweemol gefall. De Weltmeeschter vu Soudal - Quick-Step war schonn op den éischten 20 Kilometer eng éischter Kéier op de Buedem gaangen, wéi een Hond op d'Strooss gelaf war, a war ronn 2,5 Kilometer viru Schluss nach emol gefall, well hien an der hektescher Finall op den naasse Stroosse vu Salerno ewechgerutscht ass.

Den Alex Kirsch ass e Mëttwoch an der nämmlechter Zäit wéi de Gewënner als 35. ukomm. De Michel Ries huet als 67. eng Minutt an 11 Sekonne verluer an de Bob Jungels hat als 127. e Réckstand vun zwou Minutten a 26 Sekonnen.

Leader am General bleift den Norweger Andreas Leknessund. Hei ass de Bob Jungels de 77. op iwwer 17 Minutten, den Alex Kirsch ass de 96. op iwwer 25 Minutten an de Michel Ries ass den 116. op iwwer 31 Minutten.

D'Resultat vun der Etapp

1 GROVES Kaden Alpecin-Deceuninck 4:30:19
2 MILAN Jonathan Bahrain - Victorious ,,
3 PEDERSEN Mads Trek - Segafredo ,,
4 CAVENDISH Mark Astana Qazaqstan Team ,,
5 DALLA VALLE Nicolas Team Corratec - Selle Italia ,,
6 MAESTRI Mirco EOLO-Kometa ,,
7 FIORELLI Filippo Green Project-Bardiani CSF-Faizanè ,,
8 VENDRAME Andrea AG2R Citroën Team ,,
9 MATTHEWS Michael Team Jayco AlUla ,,
10 BONIFAZIO Niccolò Intermarché - Circus - Wanty ,,
...
35 KIRSCH Alex Trek - Segafredo ,,
67 RIES Michel Team Arkéa Samsic 1:11
127 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 2:26

De General

1 LEKNESSUND Andreas Team DSM 19:06:03
2 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step 0:28
3 PARET-PEINTRE Aurélien AG2R Citroën Team 0:30
4 ALMEIDA João UAE Team Emirates 1:00
5 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 1:12
6 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 1:26
7 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe ,,
8 SKUJIŅŠ Toms Trek - Segafredo 1:29
9 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers 1:30
10 ALBANESE Vincenzo EOLO-Kometa 1:39
...
77 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 17:40
96 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 25:28
116 RIES Michel Team Arkéa Samsic 31:20