Eréischt op de leschte Meter war d'Echappée vum Dag agefaange ginn. Am Sprint huet sech dunn de Pedersen seng éischt Victoire an dësem Giro geséchert.

Am Giro d'Italia ass et en Donneschdeg iwwer 162 Kilometer vun Neapel op Neapel gaangen. Laang gouf d'Etapp vun enger Echappée mat 5 Leit bestëmmt: (Alessandro de Marchi (Jayco - AlUla), Francesco Gavazzi (Eolo – Kometa), Simon Clarke (Israel – Premier Tech), Charlie Quarterman (Corratec – Selle Italia) an Alexandre Delettre (Cofidis)). E puer Meter virun der Arrivée goufen déi zwee Routinieren de Marchi a Clarke als lescht Coureuren aus der Echappée agefaangen. Aus dem Peloton eraus konnt sech dunn den Dän Mads Pedersen am Sprint d'Victoire sécheren. Op d'Plazen 2 an 3 sinn den Italieener Jonathan Milan an de Pascal Ackermann aus Däitschland gefuer.

De Bob Jungels ass en Donneschdeg de 96. op 57 Sekonne ginn. Fir de Michel Ries ass et déi 101. Plaz op dräi Minutten an 22 Sekonnen. Den Alex Kirsch ass den 160. op 18 Minutten a 25 Sekonne ginn.

Leader am General bleift den Andreas Leknessund. Hien huet eng Avance vun 28 Sekonnen op de Remco Evenepoel. De Bob Jungels ass de 67. op iwwer 18 Minutten. De Michel Ries ass den 104. op iwwer 34 Minutten an den Alex Kirsch ass den 130. op iwwer 43 Minutten.

E Freideg steet op der 7. Etapp déi schwéier Biergarrivée um Gran Sasso d'Italia um Programm.

D'Resultat vun der Etapp

1 PEDERSEN Mads Trek - Segafredo 3:44:45
2 MILAN Jonathan Bahrain - Victorious ,,
3 ACKERMANN Pascal UAE Team Emirates ,,
4 GROVES Kaden Alpecin-Deceuninck ,,
5 GAVIRIA Fernando Movistar Team ,,
6 MATTHEWS Michael Team Jayco AlUla ,,
7 ALBANESE Vincenzo EOLO-Kometa ,,
8 MAYRHOFER Marius Team DSM ,,
9 ROTA Lorenzo Intermarché - Circus - Wanty ,,
10 VELASCO Simone Astana Qazaqstan Team ,,
...
96 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 0:57
101 RIES Michel Team Arkéa Samsic 3:22
160 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 18:25

De General

1 LEKNESSUND Andreas Team DSM 22:50:48
2 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step 0:28
3 PARET-PEINTRE Aurélien AG2R Citroën Team 0:30
4 ALMEIDA João UAE Team Emirates 1:00
5 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 1:12
6 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 1:26
7 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe ,,
8 SKUJIŅŠ Toms Trek - Segafredo 1:29
9 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers 1:30
10 ALBANESE Vincenzo EOLO-Kometa 1:39
...
67 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 18:37
104 RIES Michel Team Arkéa Samsic 34:42
130 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 43:53