Am General huet de Roglic duerch eng Attack an der leschter Montée dem Evenepoel Zäit ofgeholl. De Leknessund bleift do awer ganz knapp Leader.

Um Samschdeg goung et iwwer 207 hiwweleg Kilometer vun Terni op Fossombrone.

Um Enn ka sech de Ben Healy souverän duerchsetzen. Et war déi éischt Victoire an engem groussen Tour fir den Healy. Op d'Plazen 2 an 3 sinn den Derek Gee an de Filippo Zana mat engem Retard vun enger Minutt a 49 Sekonne gefuer. De Leader am General, den Norweger Andreas Leknessund, huet Zäit op de Remco Evenepoel an de Primoz Roglic verluer, konnt de Maillot rose awer verdeedegen.

D'Etapp war gepräägt vun 13 Coureuren, déi iwwer de ganzen Dag an der Echappée ënnerwee waren. 50 Kilometer viru Schluss huet de Ben Healy aus där Echappée attackéiert. De Grupp ass auserneegefall an et konnt keen dem Healy säin Tempo matgoen. Am Peloton hunn d'Favoritten d'Course kontrolléiert, wollten Healy a Co. awer net afänken. An der leschter Montée ronn 8 Kilometer virun der Arrivée huet de Roglic attackéiert a konnt sech vum Evenepoel an dem Leknessund ofsetzen. Um Enn hat de Slowen e Virsprong vu 14 Sekonnen op de Belsch. De Leknessund war 20 Sekonne méi spéit iwwer d'Arrivée gefuer. De Norweger huet am General elo nach 8 Sekonne Virsprong op den Evenepoel. De Roglic huet op der drëtter Plaz e Retard vun 38 Sekonnen.

Aus Lëtzebuerger Siicht huet de Bob Jungels an der leschter Montée vill fir seng Kapitäne geschafft. Hie gouf an der Etapp de 45. op iwwer 7 Minutten. Am General läit hien op der 46. Plaz. De Michel Ries an den Alex Kirsch koumen an der Etapp op d'Plazen 107 an 163. Am General ass de Ries op der 85. an de Kirsch op 130. Plaz klasséiert.

D'Klassement vun den Hären

1 HEALY Ben EF Education-EasyPost 4:44:24
2 GEE Derek Israel - Premier Tech +1:49
3 ZANA Filippo Team Jayco AlUla ,,
4 BARGUIL Warren Team Arkéa Samsic ,,
5 VERONA Carlos Movistar Team +2:12
6 BAIS Mattia EOLO-Kometa +2:37
7 SKUJIŅŠ Toms Trek - Segafredo +3:51
8 TONELLI Alessandro Green Project-Bardiani CSF-Faizanè +3:56
9 RIESEBEEK Oscar Alpecin-Deceuninck +4:00
10 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers +4:34
...
45 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe +7:21
107 RIES Michel Team Arkéa Samsic +24:53

163 KIRSCH Alex Trek - Segafredo +25:18

De General

1 LEKNESSUND Andreas Team DSM 33:52:10
2 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step +0:08
3 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma +0:38
4 ALMEIDA João UAE Team Emirates +0:40
5 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers +0:52
6 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers +0:56
7 PARET-PEINTRE Aurélien AG2R Citroën Team +0:58
8 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe +1:26
9 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious +1:39
10 KÄMNA Lennard BORA - hansgrohe +1:54
...
46 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe +22:32
85 RIES Michel Team Arkéa Samsic +54:41

130 KIRSCH Alex Trek - Segafredo +1:27:28