No 4 Joer Corona-Paus war um Samschdeg nees den Andy Schleck Challenge.

An och fir déi 5. Editioun hate sech d'Organisateuren an Zesummenaarbecht mam ACC Contern un hirem ale Konzept inspiréiert. Wëll heeschen: Spaass um Pedalléiere fir e gudden Zweck.

Et sinn e Samschdeg fläisseg Euroe gesammelt ginn, dat fir d'ONGe vun "Action pour un monde uni" a fir "Rokku Mi Rokka". 44 Ekippen hate sech beim Andy Schleck ugemellt an déi hunn all e private Sponsor fir all gefuerene Kilometer fonnt. An dat schéngt och de Péitruss uewen appreciéiert ze hunn, well e Freideg hätt et nach net dono ausgesinn, esou den Andy Schleck.

Et ass e Parcours ronderëm Izeg gefuer ginn, dee gréisstendeels duerch de Bësch an de Bulli goung. Et konnt ee sech awer net nëmme mam Mountainbike oder Gravelbike iwwert de Parcours quälen, mee och op e bëssen Hëllef zeréckgräifen. Deemno huet d'Ekipp ëm den Andy Schleck och Cycliste mam E-Bike fuere gelooss. Et sollt en Dag sinn, wou ee matenee Spaass huet.

A sou muncher ee war frou, datt e mam Elektrovëlo gefuer ass. De Parcours war wuel landschaftlech richteg schéin, mee déi 8,5 Kilometer ronderëm Izeg hunn awer och richteg wéi an de Bee gedoen. Dat hunn och déi zwee fréier Profie Jempy Drucker a Chantal Hoffmann confirméiert. Et war vill lass zu Izeg: Net nëmme goufen e Koup Sue gesammelt, mee déi meescht waren einfach frou, mam Vëlo ënner Kolleegen an der Loft ze sinn. Wat brauch ee méi?