De Belsch huet e Sonndeg dat zweet Zäitfueren an dësem Giro d'Italia ganz knapp gewonnen.

Mat nëmmen enger Sekonn Virsprong no 35 Kilometer Zäitfueren huet sech de Remco Evenepoel e Sonndeg déi 9. Etapp vum Giro d'Italia geséchert. De Britt Geraint Thomas ass deen Zweete ginn. Den Tao Geoghegan Hart hat als Drëtten och nëmmen dräi Sekonne Retard.

De Remco Evenepoel ass mat dësem Resultat zeréck am Maglia Rosa. De Belsch huet eng Avance vu 45 Sekonnen op den Thomas.

Als beschte Lëtzebuerger huet sech den Alex Kirsch als 25. op eng Minutt an 43 Sekonne klasséiert. De Bob Jungels ass de 37. op zwou Minutten an 30 Sekonne ginn a fir de Michel Ries war et déi 64. Plaz op dräi Minutten an 42 Sekonnen.

Am General ass de Bob Jungels de 45., de Michel Ries de 86. an den Alex Kirsch den 128..

D'Klassement vun der Etapp

1 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step 0:41:24
2 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 0:01
3 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers 0:02
4 KÜNG Stefan Groupama - FDJ 0:04
5 ARMIRAIL Bruno Groupama - FDJ 0:08
6 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 0:17
7 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers 0:24
8 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe 0:30
9 ALMEIDA João UAE Team Emirates 0:35
10 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 0:42
...
25 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 1:43
37 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 2:30
64 RIES Michel Team Arkéa Samsic 3:42

De General

1 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step 34:33:42
2 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 0:45
3 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 0:47
4 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers 0:50
5 ALMEIDA João UAE Team Emirates 1:07
6 LEKNESSUND Andreas Team DSM ,,
7 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe 1:48
8 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 2:13
9 KÄMNA Lennard BORA - hansgrohe 2:37
10 SIVAKOV Pavel INEOS Grenadiers 3:00
...
45 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 24:54
86 RIES Michel Team Arkéa Samsic 58:15
128 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 1:29:03