21 Ekippe fir d'Flèche du Sud ugemellt
2012 gouf et déi lescht Lëtzebuerger Victoire am Generalklassement vun der Flèche du Sud. De Bob Jungels hat sech deemools souverän duerchgesat.
Déi éischt Lëtzebuerger Victoire geet op déi éischten Editioun zréck. Am Joer 1949 hat de Roby Bintz sech an de Palmarès ageschriwwen. D'lescht Joer am September huet den treie Gaascht vun der Flèche eis fir ëmmer verlooss. Am Ganze sinn 21 Ekippen mat all Kéier 6 Coureuren ugemellt. D'Nofro, fir dës Course ze fueren, ass immens grouss.
Wat de Parcours ugeet, sou sinn den Depart an d'Arrivée dëst Joer ëmmer op enger an der selwechter Plaz. Um Enn gëtt op engem Circuit gefuer, fir datt d'Leit op der Arrivée d'Coureure passéiere gesinn.
Lass geet et e Mëttwoch den Owend mat engem Prolog an de Stroosse vun Esch, d'Kinneksetapp ass fir e Freideg zu Buerschent programméiert. E Sonndeg zu Esch ass da bekannt, wien den Nofollger vum Thibau Nys ass. Bis dohinner wësse mer och, wéi déi ronn 18 Lëtzebuerger an der Course sech aus der Affär gezunn hunn.
Méi Infoe fannt dir um offiziellen Internetsite vun der Flèche du Sud.