E Méindeg war den éischte Roudag vum Tuer duerch Italien.

Nom positive Coronatest vum Remco Evenepoel gouf et virun allem bei der Ekipp Soudal-Quick-Step um éischte Roudag vill Opreegung. Déi dräi Lëtzebuerger am Giro sinn dovunner verschount bliwwen an hunn dëse Méindeg den Dag genoss.

Et leien nach zwou schwéier Woche virum Peloton. Dem Bob Jungels säi Kapitän Aleksandr Vlasov ass aktuell 6. vum Generalklassement, dat vum Geraint Thomas ugefouert gëtt. Dat heescht, dass de zweemolege beschte Jonken am Giro dem Russ an de Bierger ënnert d'Äerm wäert gräifen.

Fir den Alex Kirsch heescht et weider, de Sprinter Mads Pedersen ze protegéieren an d'Ekipp vun Trek-Segafredo ze guidéieren.

De Michel Ries ass zefridde mat der éischter Woch Giro. Hie konnt seng Aufgabe relativ gutt erfëllen an huet konnten op verschiddenen Etappen Energie fir déi nächst Woche spueren.

Lëtzebuerger am Generalklassement: 

44.   JUNGELS Bob BORA - hansgrohe op 24:54
87,   RIES Michel Team Arkéa Samsic op 58:15
127. KIRSCH Alex Trek - Segafredo op 1:29:03

En Dënschdeg steet déi 10. Etapp vun Scandiano op Viareggio iwwer 196 Kilometer bei der 106. Editioun vum Giro um Programm.