Op d'Plazen 2 an 3 fueren den Derek Gee an den Alberto Bettiol. Am General huet de Bruno Armirail d'Féierung vum Geraint Thomas iwwerholl.

Um Samschdeg goung et iwwer 194 Kilometer vu Sierre op Cassano Magnago. D'Etapp war am Reen vun enger grousser Echappée mat 29 Coureure gepräägt. Ronn 57 Kilometer virun der Arrivée hu sech mam Rex, Oldani a Ballerini 3 Cyclisten ofgesat, de Skujins konnt kuerz drop och bäistoussen. Déi aner 25 Coureure konnten an enger éischter Phas net opschléissen.

An de leschten 10 Kilometer hunn Denz, Bettiol, Gee a Mayrhofer aus dem grousse Grupp nach emol alles probéiert, fir un d'Spëtzt erunzekommen. Et sollt hinnen op der leschter Ligne droite geléngen an et gouf et Sprint aus engem klenge Grupp. Den Däitschen Nico Denz (BORA - hansgrohe) huet sech schlussendlech knapp virum Derek Gee (Israel - Premier Tech) an dem Alberto Bettiol (EF Education-EasyPos) duerchgesat. De Peloton mat de Favoritten an de Lëtzebuerger Bob Jungels an Alex Kirsch ass eréischt 21 Minutten an 11 Sekonnen hannert dem Vainqueur iwwert d'Arrivée gefuer. Dat huet e Changement am Generalklassement mat sech bruecht.

Neie Leader ass do de Bruno Armirail. Hien huet eng Avance vun 1 Minutt an 41 Sekonnen op de Britt Geraint Thomas. Zwou Sekonnen hannendrun läit de Slowen Primoz Roglic op der 3. Plaz. De Bob Jungels ass op der 51. Plaz mat engem Retard vun iwwer 55 Minutte klasséiert. Den Alex Kirsch ass den 106.. De Michel Ries, deen haut iwwert eng Minutt op de Grupp mat de Favoritte verluer huet, läit am General op der 82. Plaz.

D'Klassement vun der Etapp

1 DENZ Nico BORA - hansgrohe 4:37:30
2 GEE Derek Israel - Premier Tech ,,
3 BETTIOL Alberto EF Education-EasyPost ,,
4 REX Laurenz Intermarché - Circus - Wanty +0:01
5 BALLERINI Davide Soudal - Quick Step ,,
6 SKUJIŅŠ Toms Trek - Segafredo +0:04
7 MAYRHOFER Marius Team DSM +0:10
8 OLDANI Stefano Alpecin-Deceuninck +0:20
9 PASQUALON Andrea Bahrain - Victorious +0:50
10 MAESTRI Mirco EOLO-Kometa ,,
...
98 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe +21:11
99 KIRSCH Alex Trek - Segafredo ,,
125 RIES Michel Team Arkéa Samsic +22:45

De General

1 ARMIRAIL Bruno Groupama - FDJ 56:17:01
2 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers +1:41
3 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma +1:43
4 ALMEIDA João UAE Team Emirates +2:03
5 LEKNESSUND Andreas Team DSM +2:23
6 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious +3:09
7 KÄMNA Lennard BORA - hansgrohe +3:33
8 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers +4:26
9 DE PLUS Laurens INEOS Grenadiers +4:49
10 PINOT Thibaut Groupama - FDJ +4:54
...
51 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe +55:39
82 RIES Michel Team Arkéa Samsic +1:38:03
106 KIRSCH Alex Trek - Segafredo +2:12:13