Victoire fir de Lucas Grolier op der 3. Etapp
De Fransous huet sech no 148 Kilometer mat 2 Sekonne Virsprong op e gréissere Grupp duerchgesat. De Pim Ronhaar bleift Leader am General.
De Lucas Grolier aus der Ekipp "Vendée U" huet d'Etapp ronderëm Suessem gewonnen. De Sprint ëm déi zweete Plaz huet de Patryk Stosz (Voster ATS Team) aus Polen fir sech entscheet. De Patrick Eddy (Development Team DSM) aus Australien gouf den Drëtten. Beschte Lëtzebuerger war de Mathieu Kockelmann op der 15. Plaz.
Am General ass weiderhin de Pim Ronhaar (Baloise - Trek Lions) op der éischter Plaz. Mat engem Retard vun 3 an 8 Sekonne leien den Antoine Huby (Vendée U) an de Marton Dina (ATT Investments) op de Plazen 2 an 3. De Mats Wenzel huet als 12. e Réckstand vu 44 Sekonnen an ass de beschte Lëtzebuerger.
Den Ivan Centrone huet um Samschdeg d'Féierung an der Wäertung vum beschte Grimpeur un den Däitschen Ole Theiler verluer. Den Centrone (22) huet 8 Punkte Retard op den Theiler (30).