Lescht Etapp fir Lucas Grolier, Pim Ronhaar gewënnt General
De Fransous Grolier gewënnt seng zweet Etapp hannerteneen. De Colin Heiderscheid gëtt op der leschter Etapp als Drëtten de beschte Lëtzebuerger.
Op der leschter Etapp vun der Flèche du Sud vun Esch op Esch iwwer 147 Kilometer gouf et eng Victoire fir de Lucas Grolier. De Coureur aus der Ekipp "Vendée U" hat schonn déi drëtt Etapp um Virdag fir sech entscheet.
De Colin Heiderscheid ass no 147 Kilometer als beschte Lëtzebuerger als Drëtten iwwer de wäisse Stréch gefuer. De Mathieu Kockelmann gëtt 16. an den Tom Wirtgen kënnt op déi 17. Plaz.
Am Generalklassement bleift den Hollänner Pim Ronhaar, deen op der leschter Etapp Eelefte gouf, mat enger Avance vun dräi Sekonnen op den Antoine Huby am Giele Maillot a gewënnt domat déi 72. Editioun vun der Flèche du Sud. Beschte Lëtzebuerger am General gouf de Mats Wenzel vun der Ekipp Leopard als Zwielefte mat engem Retard vu 44 Sekonnen op de Gewënner.
D'Klassement vun der Etapp
1 GROLIER Lucas Vendée U 3:16:28
2 STOSZ Patryk Voster ATS Team ,,
3 HEIDERSCHEID Colin Leopard TOGT Pro Cycling ,,
4 PLUTO Mārtiņš ABLOC CT ,,
5 NOLDE Tobias P&S Benotti ,,
6 RUDYK Bartosz Voster ATS Team ,,
7 BALLABIO Giacomo Global 6 Cycling ,,
8 KAMP Ryan Pauwels Sauzen - Bingoal ,,
9 CIALONE Alessio Vendée U ,,
10 WILLEMS Thimo VolkerWessels Cycling Team ,,
D'Generalklassement
1 RONHAAR Pim Baloise - Trek Lions 13:50:38
2 HUBY Antoine Vendée U 0:03
3 DINA Márton ATT Investments 0:08
4 VERMEULEN Moran Team Vorarlberg 0:09
5 ISERBYT Eli Pauwels Sauzen - Bingoal ,,
6 PRIMOŽIČ Jaka Team Hrinkow Advarics ,,
7 BREGNHØJ Mathias Leopard TOGT Pro Cycling 0:11
8 BALLABIO Giacomo Global 6 Cycling 0:20
9 VAN DEN BROEK Frank ABLOC CT 0:29
10 MORENO Iván Global 6 Cycling 0:33
...
12 WENZEL Mats Leopard TOGT Pro Cycling 0:44
22 KOCKELMANN Mathieu Team Lotto - Kern Haus 3:34
33 WIRTGEN Tom Global 6 Cycling 7:13
34 KARIER Rik Regionalequipe Letzebuerg 7:49
35 WALLENBORN Arno Team Snooze - VSD 7:57
47 PEREIRA MARQUES Rafael Regionalequipe Letzebuerg 10:29
48 URY Noé Regionalequipe Letzebuerg ,,
56 BETTENDORFF Loïc Leopard TOGT Pro Cycling 15:45
58 DIEDERICH Tim Team Snooze - VSD 15:54
68 CENTRONE Ivan Materiel-Velo.com 18:35
81 SCHMITZ Jo Regionalequipe Letzebuerg 22:35
87 KARIER Tim Regionalequipe Letzebuerg 22:59
90 HEIDERSCHEID Colin Leopard TOGT Pro Cycling 24:50
91 PRIES Cedric Leopard TOGT Pro Cycling 25:01