Den Amerikaner setzt sech no enger laanger Echappée op der Ligne d'arrivée virum Ben Healy an dem Marco Frigo duerch.

Op der 15. Etapp vu Seregno op Bergamo huet de Brandon McNulty de Sprint fir sech entscheet, virum Ben Healy an dem Marco Frigo. Et war déi sechst Victoire vum Amerikaner a senger Karriär.

Direkt nom Start hate sech 17 Coureure vum Peloton ofgesat, dorënner de Ben Healy an de Brandon McNulty. De Ben Healy hat sech um Col zu Selvino vun der Echappée ofgesat a gouf 30 Kilometer virun der Arrivée vum Brandon McNulty agefaangen. Kuerz hannendrun hat sech de Marco Frigo a Positioun bruecht.

Den Italieener hat op de leschten Hektometer déi zwee Féierend nach ageholl, soudass et op der Arrivée zu engem Sprint tëscht deenen dräi koum. Do hat de Brandon McNulty déi séierst Been a setzt sech virum Ben Healy an dem Marco Frigo duerch.

Als beschte Lëtzebuerger klasséiert sech de Bob Jungels op der 47. Plaz mat engem Retard vun 9 Minutten a 44 Sekonnen. Den Alex Kirsch gëtt 97. (+ 20'50'') an de Michel Ries fiert als 122. iwwer de wäisse Stréch (+ 30'21'').

Am General bleift de Bruno Armirail am rosae Maillot virum Geraint Thomas an dem Primoz Roglic. D'Lëtzebuerger klasséiere sech do op de Plaze 50 (Bob Jungels), 86 (Michel Ries) an 106 (Alex Kirsch).

D'Klassement vun der Etapp

1 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates 5:13:39
2 HEALY Ben EF Education-EasyPost  ,,
3 FRIGO Marco Israel - Premier Tech ,,
4 MOLLEMA Bauke Trek - Segafredo 1:51
5 RUBIO Einer Augusto Movistar Team  ,,
6 VELASCO Simone Astana Qazaqstan Team 2:26
7 PASQUALON Andrea Bahrain - Victorious ,,
8 HUYS Laurens Intermarché - Circus - Wanty 3:10
9 ALBANESE Vincenzo EOLO-Kometa 4:13
10 BIDARD François Cofidis ,,
...
47 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 9:44
97 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 20:50
122 RIES Michel Team Arkéa Samsic 30:21

D'Generalklassement

1 ARMIRAIL Bruno Groupama - FDJ 61:38:06
2 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 1:08
3 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 1:10
4 ALMEIDA João UAE Team Emirates 1:30
5 LEKNESSUND Andreas Team DSM 1:50
6 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 2:36
7 KÄMNA Lennard BORA - hansgrohe 3:02
8 DUNBAR Eddie Team Jayco AlUla 3:40
9 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers 3:55
10 DE PLUS Laurens INEOS Grenadiers 4:18
...
50 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 57:57
86 RIES Michel Team Arkéa Samsic 2:00:58
106 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 2:25:37