Nom zweete Roudag stoung en Dënschdeg eng schwéier Biergetapp iwwer 203 Kilometer vu Sabbio Chiese op de Monte Bondone um Programm.

Am ganze stounge 5 Bierger um Programm. Zweemol 1. Kategorie, zweemol 2. Kategorie an eemol 3. Kategorie. Bleift ze betounen, datt d'Arrivée uewen um Monte Bondone (20 km, am Duerchschnëtt 6.8%) zur 1. Kategorie zielt. 1956 hat de Charly Gaul déi 21. Etapp beim Giro uewen um Monte Bondone gewonnen. Spéiderhin hat hien och de general fir sech entscheet.

An der Schlussmontée ass dann och d'Decisioun ëm d'Etappevictoire gefall. Hei konnte sech déi 5 stäerkst Biergfuerer ofsetzen, den Eddie Dunbar, de Joao Almeida, de Primoz Roglic, de Sepp Kuss an den Geraint Thomas. Aus dëser Grupp eraus konnte sech dunn nach de Joao Almeida an den Geraint Thomas ofsetzen, déi da spéiderhin d'Victoire ënnert sech ausgemaach hunn.

Hei konnt sech am Sprint de Joao Almeida duerchsetzen, iwwerdeems den Geraint Thomas d'Féierung am General iwwerhëlt. Hien huet 18 Sekonnen Avance op den Almeida an 29 op de Roglic.

De Bob Jungels hat en Dënschdeg als beschte Lëtzebuerger op Plaz 45 ee Retard vun déck 17 Minutten. Am General ass hien den 43. De Michel Ries koum en Dënschdeg op d'Plaz 100 op iwwer 42 Minutten. Den Alex Kirsch gouf den 108. op knapp 44 Minutten.

Klassement vun der Etapp

1 ALMEIDA João UAE Team Emirates
2 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers ,,
3 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 0:25
4 DUNBAR Eddie Team Jayco AlUla ,,
5 KUSS Sepp Jumbo-Visma 1:03
6 VAN WILDER Ilan Soudal - Quick Step 1:16
7 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious ,,
8 RUBIO Einer Augusto Movistar Team ,,
9 DE PLUS Laurens INEOS Grenadiers ,,
10 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers ,,

De General

1 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers
2 ALMEIDA João UAE Team Emirates 0:18
3 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 0:29
4 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 2:50
5 DUNBAR Eddie Team Jayco AlUla 3:03
6 KÄMNA Lennard BORA - hansgrohe 3:20
7 ARMIRAIL Bruno Groupama - FDJ 3:22
8 LEKNESSUND Andreas Team DSM 3:30
9 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers 4:09
10 DE PLUS Laurens INEOS Grenadiers 4:32