D'Victoire op der Etapp an den Dolomiten war en solitaire fir de Kolumbianer Santiago Buitrago.

E Freideg huet op der 19. Etapp vum Giro d'Italia d'Kinneksetapp op d'Coureure gewaart. An den Dolomiten ass et iwwer 183 Kilometer vu Longarone erop op Tre Cime di Lavaredo gaangen.

D'Victoire vum Dag war fir de Kolumbianer Santiago Buitrago. Hien huet sech mat engem Virsprong vun 51 Sekonne virum Kanadier Derek Gee behaapt.

Am General bleift den Geraint Thomas un der Spëtzt. Hien huet dräi Sekonnen op de Primoz Roglic verluer. De Roglic hat 1,5 Kilometer virun der Arrivée attackéiert, ma den Thomas konnt säi Rad bis kuerz viru Schluss halen.

Virum Biergzäitfueren e Samschdeg läit den Thomas nëmmen nach 26 Sekonne virum Roglic, de Joao Almeida ass den Drëtten op 59 Sekonnen.

De Bob Jungels ass e Freideg de 40. op 10 Minutten an 8 Sekonne ginn. De Michel Ries huet als 54. 23 Minutten a 16 Sekonne verluer. An den Alex Kirsch ass als 78. op 32 Minutten an eng Sekonn ukomm.

Am General ass de Jungels de 40., de Ries de 86. an de Kirsch de 97..

D'Klassement vun der Etapp

1 BUITRAGO Santiago Bahrain - Victorious 5:28:07
2 GEE Derek Israel - Premier Tech 0:51
3 CORT Magnus EF Education-EasyPost 1:46
4 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma ,,
5 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 1:49
6 ALMEIDA João UAE Team Emirates 2:09
7 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious ,,
8 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers ,,
9 PINOT Thibaut Groupama - FDJ 2:16
10 RUBIO Einer Augusto Movistar Team 2:26
...
40 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 10:08
54 RIES Michel Team Arkéa Samsic 23:16
78 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 32:01

De General

1 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 81:55:47
2 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 0:26
3 ALMEIDA João UAE Team Emirates 0:59
4 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 4:11
5 DUNBAR Eddie Team Jayco AlUla 4:53
6 PINOT Thibaut Groupama - FDJ 5:10
7 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers 5:13
8 KÄMNA Lennard BORA - hansgrohe 5:54
9 LEKNESSUND Andreas Team DSM 6:08
10 DE PLUS Laurens INEOS Grenadiers 7:30
...
40 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 1:31:37
86 RIES Michel Team Arkéa Samsic 3:37:39
97 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 4:05:23