De Sloween huet sengem direkte Konkurrent Geraint Thomas 40 Sekonnen ofgeholl an ass domat virun der leschter Etapp neie Leader am General.

Beim Zäitfueren um zweetleschten Dag vum Giro d'Italia huet Primoz Roglic nees gewisen, zu wat hie fäeg ass. De Fuerer vu Jumbo-Visma huet de knapp 19 Kilometer laange Parcours bannent 44 Minutten an 23 Sekonnen zeréckgeluecht an dobäi den Geraint Thomas, dee bis zum Zäitfuere Leader am General war, 40 Sekonnen hannert sech geloos. Drëtte vun der Etapp gouf de Portugis Joao Pedro Almeida vum UAE Team Emirates, deen d'Rondfaart och als beschte jonke Coureur ofschléisse wäert.

De Bob Jungels klasséiert sech am Zäitfueren, senger Spezialdisziplin, op der 60. Plaz. Den Alex Kirsch gëtt als 49. beschte Lëtzebuerger an de Michel Ries reit sech als 90. an.

Am Generalklassement huet de Primoz Roglic virun der leschter Etapp 14 Sekonnen Avance op de Geraint Thomas an 1'15'' op de Joao Almeida. Op der leschter Etapp um Sonndeg vu Roum op Roum dierft sech um Generalklassement net méi vill änneren, well et traditiounsgeméis keng Attacke méi fir de General gëtt.

Am General leien d'Lëtzebuerger op de Plaze 40 (Bob Jungels), 86 (Michel Ries) a 97 (Alex Kirsch).

D'Klassement vun der Etapp

1 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 0:44:23
2 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 0:40
3 ALMEIDA João UAE Team Emirates 0:42
4 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 0:55
5 PINOT Thibaut Groupama - FDJ  0:59
6 KUSS Sepp Jumbo-Visma 1:05
7 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates 1:07
8 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers 1:18
9 LEKNESSUND Andreas Team DSM 1:49
10 VINE Jay UAE Team Emirates 1:53
...
49 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 6:10
60 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 6:46
90 RIES Michel Team Arkéa Samsic 9:30

D'Generalklassement

1 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 82:40:36
2 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 0:14
3 ALMEIDA João UAE Team Emirates 1:15
4 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 4:40
5 PINOT Thibaut Groupama - FDJ 5:43
6 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers 6:05
7 DUNBAR Eddie Team Jayco AlUla 7:30
8 LEKNESSUND Andreas Team DSM 7:31
9 KÄMNA Lennard BORA - hansgrohe 7:46
10 DE PLUS Laurens INEOS Grenadiers 9:08
...
40 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 1:37:57
86 RIES Michel Team Arkéa Samsic 3:46:43
97 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 4:11:07