Gewonne gouf déi leschten Etapp vum Mark Cavendish.

Traditionell ginn et op der leschter Etapp keng Attacke méi op de Maglia Rosa. Et gouf deemno eng Schlussvictoire fir de Primoz Roglic beim Giro d'Italia 2023.

Déi lescht Etapp gouf dann och am Sprint entscheet. An do huet sech de Mark Cavendish duerchgesat. Fir den 38 Joer ale Coureur war et seng lescht Participatioun beim Giro d'Italia. Gläichzäiteg ass hien och deen eelste Coureur, dee jee eng Etapp am d'Giro d'Italia gewonnen huet.

Op déi 2. Plaz sprint den Alex Kirsch. De Lëtzebuerger vun Trek-Segafredo hat am Sprint keng Chance géint de Cavendish, mee klasséiert sech op enger excellenter 2. Plaz.

Extrait Alex Kirsch

D'Schlussvictoire huet sech de Primoz Roglic (Jumbo-Visma) geséchert. De Podium gouf komplettéiert vum Geraint Thomas (Ineos Grenadiers) an dem Joao Almeida (UAE Team Emirates). De Grondstee fir dem Primoz Roglic seng 1. Schlussvictoire beim Giro d'Italia huet de Slowen e Samschdeg am Zäitfuere geluecht.

Domat huet de Primoz Roglic a senger Karriär nieft der Vuelta elo och d'Victoire vum Giro d'Italia a sengem Palmarès stoen.

D'Klassement vun der Etapp

1 CAVENDISH Mark Astana Qazaqstan Team 0:00
2 KIRSCH Alex Trek – Segafredo 0:00
3 FIORELLI Filippo Green Project-Bardiani CSF-Faizanè 0:00
4 DAINESE Alberto Team DSM 0:00
5 BALLERINI Davide Soudal - Quick Step 0:00
6 STEWART Jake Groupama – FDJ 0:00
7 GAVIRIA Fernando Movistar Team 0:00
8 MATTHEWS Michael Team Jayco AlUla 0:00
9 MARIT Arne Intermarché - Circus – Wanty 0:00
10 STEWART Campbell  Team Jayco AlUla 0:00

D'Generalklassement

1 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 85:29:02
2 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 0:14
3 ALMEIDA João UAE Team Emirates 1:15
4 CARUSO Damiano Bahrain – Victorious 4:40
5 PINOT Thibaut Groupama – FDJ 5:43
6 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers 6:05
7 DUNBAR Eddie Team Jayco AlUla 7:30
8 LEKNESSUND Andreas Team DSM 7:31
9 KÄMNA Lennard BORA – hansgrohe 7:46
10 DE PLUS Laurens INEOS Grenadiers 9:08

40 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 1:37:57
86 RIES Michel Team Arkéa Samsic 3:46:43
97 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 4:11:01