Victoire fir de Leader Jonas Vingegaard op der Kinneksetapp
Den Dän baut domadder seng Féierung am General weider aus. Op déi 2. an déi 3. Plaz sinn den Adam Yates an den Jai Hindley gefuer.
D'Decisioun ëm d'Etappevictoire sollt am leschte Bierg vum Dag, am Col de la Croix de Fer, falen. D'Ekipp Jumbo-Visma vum Leader Jonas Vingegaard huet den Tempo héich gehalen an et gouf an enger éischter Phas keng Attacken. 5 Kilometer virun der Arrivée war et de Vingegaard selwer, deen attackéiert huet a sech och direkt vun deenen anere Coureuren ofsetze konnt. Um Enn huet den Dän sech souverän virum Adam Yates (UAE Team Emirates) duerchgesat. De Britt hat e Retard vun 41 Sekonnen. De Podium gouf vum Jai Hindley (BORA - hansgrohe) mat engem Réckstand vun 53 Sekonne komplettéiert.
Leader am General bleift de Vingegaard, dee säi Virsprong op iwwer 2 Minutten ausbaue konnt. Neien Zweeten ass den Adam Yates virum Ben O'Connor (AG2R Citroën Team).
Déi 7. Etapp, déi iwwer 147,9 schwéier Kilometer vun der Porte-de-Savoie op de Col de la Croix de Fer goung, gouf vum Belsch Victor Campenaerts (Lotto Dstny) animéiert. Hien ass als Éischten iwwer de Col de la Madeleine an de Col du Mollard gefuer an huet domadder d'Féierung am Maillot vum beschte Biergfuerer iwwerholl. D'Favoritten ëm de Jonas Vingegaard hunn den Ausräisser réischt um Fouss vum leschte Bierg agefaangen.
Aus Lëtzebuerger Siicht ass de Kevin Geniets eng gutt Course gefuer. Hie war bis 8 Kilometer viru Schluss am Grupp mat de Favoritten dobäi a gouf um Enn den 39. mat engem Retard vun iwwer 10 Minutten. Am General läit hien op der 34. Plaz.
D'Klassement vun der Etapp
1 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 4:15:47
2 YATES Adam UAE Team Emirates +0:41
3 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe +0:53
4 O'CONNOR Ben AG2R Citroën Team +1:04
5 POOLE Max Team DSM +1:10
6 HAIG Jack Bahrain - Victorious ,,
7 MARTIN Guillaume Cofidis ,,
8 TRÆEN Torstein Uno-X Pro Cycling Team ,,
9 MARTÍNEZ Daniel Felipe INEOS Grenadiers ,,
10 MEINTJES Louis Intermarché - Circus - Wanty ,,
...
39 GENIETS Kevin Groupama - FDJ +10:34
De General
1 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 25:22:18
2 YATES Adam UAE Team Emirates +2:11
3 O'CONNOR Ben AG2R Citroën Team +2:24
4 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe +2:36
5 HAIG Jack Bahrain - Victorious +3:04
6 MARTÍNEZ Daniel Felipe INEOS Grenadiers +3:27
7 ALAPHILIPPE Julian Soudal - Quick Step +3:48
8 MARTIN Guillaume Cofidis +4:14
9 MEINTJES Louis Intermarché - Circus - Wanty +4:19
10 TRÆEN Torstein Uno-X Pro Cycling Team +4:21
...
34 GENIETS Kevin Groupama - FDJ +18:54