Op der leschter Etapp konnt sech den Italiener Giulio Ciccone duerchsetzen. De Kevin Geniets steet um Enn op der 29. Plaz.

Op der leschter Etapp vum Critérium du Dauphiné huet sech e Sonndeg den Giulio Ciccone d'Victoire geséchert. Vainqueur am General ass no aacht Etappen den Dän Jonas Vingegaard.

Nom Depart zu Le Pont-de-Claix ass et fir d'Coureuren eng leschte Kéier iwwer 153 Kilometer op La Bastille gaangen. Dobäi goufe si ënnert anerem mam Col du Granier, dem Col du Cucheron an dem Col de Porte nach eemol richteg gefuerdert. Un der Spëtzt huet sech op der Arrivée den Giulio Ciccone eleng rëmfonnt, dee sech d'Victoire an der leschter Montée net méi huele gelooss huet. Mat engem Ecart vun 23 Sekonnen op de Jonas Vingegaard ass den Italiener no gutt véier Stonnen iwwert d'Arrivée gefuer. Weider zéng Sekonnen drop ass den Adam Yates als Drëtten ukomm.

De Kevin Geniets ass e Sonndeg mat engem Retard vu 4:54 Minutten op déi 29. Plaz gefuer.

Am General steet de Jonas Vingegaard och no de leschter Etapp weider op der éischter Plaz a séchert sech mat engem Ecart vun 2 Minutten an 23 Sekonnen d'Victoire vum Critérium du Dauphiné. Zweete an Drëtte ginn hei den Adam Yates an de Ben O'Connor.
De Kevin Geniets konnt op der leschter Etapp nach eng Kéier fënnef Plaze gutt maachen a gëtt um Enn den 29. am Generalklassement.

D'Klassement vun der Etapp

1 CICCONE Giulio 4:06:04
2 VINGEGAARD Jonas 0:23
3 YATES Adam 0:33
4 O'CONNOR Ben 0:49
5 MARTIN Guillaume 0:54
6 HINDLEY Jai 0:57
7 MAJKA Rafał 1:00
8 HAIG Jack ,,
9 MEINTJES Louis ,,
10 RODRÍGUEZ Carlos 1:03

29 GENIETS Kevin 4:54

De General

1 VINGEGAARD Jonas 29:28:39
2 YATES Adam 2:23
3 O'CONNOR Ben 2:56
4 HINDLEY Jai 3:16
5 HAIG Jack 3:47
6 MARTIN Guillaume 4:51
7 MEINTJES Louis 5:02
8 TRÆEN Torstein 5:15
9 RODRÍGUEZ Carlos 5:19
10 ALAPHILIPPE Julian 5:37

29 GENIETS Kevin 23:31