E Méindeg goung et weider mat der zweeter Etapp, op där et iwwer 173,7 Kilometer vu Beromünster op Nottwill goung.

Am Cyclissem gouf et op der zweeter Etapp vum Tour de Suisse eng Victoire vum Biniam Girmay. De Mann aus Eritrea konnt sech am Sprint virum Arnaud Démare an dem Wout van Aert duerchsetzen. Am General bleift de Stefan Küng virop, hien huet 5 Sekonnen Avance op de Remco Evenepoel. Den Arthur Kluckers koum e Méindeg mat engem Retard vun iwwer 11 Minutten op d'Plaz 150.

D'Klassement vun den Hären

1 GIRMAY Biniam Intermarché - Circus - Wanty 3:53:37
2 DÉMARE Arnaud Groupama - FDJ ,,
3 VAN AERT Wout Jumbo-Visma ,,
4 BITTNER Pavel Team DSM ,,
5 SAGAN Peter TotalEnergies ,,
6 MEEUS Jordi BORA - hansgrohe ,,
7 GARCÍA CORTINA Iván Movistar Team ,,
8 ARANBURU Alex Movistar Team ,,
9 TEUNISSEN Mike Intermarché - Circus - Wanty ,,
10 BEULLENS Cedric Lotto Dstny ,,