Schlussvictoire fir de Mattias Skjelmose

© AFP
Gewonnen gouf d'Schlussetapp, een Eenzelzäitfueren iwwer 25,7 Kilometer, vum Spuenier Juan Ayuso, virum Remco Evenepoel an dem Mattias Skjelmos.
Op der 7. a leschter Etapp stoung fir d'Coureuren een Eenzelzäitfueren iwwer 25,7 Kilometer vun St. Gallen op Abtwil um Programm.
Et huet sech an de leschten Meter decidéiert, wien de Schlussgewënner um Tour de Suisse 2023 géif ginn. De Remco Evenepoel hat virum Zäitfueren e Réckstand vun 46 Sekonnen op den Dän Mattias Skjelmose. De Spuenier Juan Ayuso hat virun der leschter Etapp e Réckstand vun 18 Sekonnen.
Et waren dann och déi bescht dréi Coureuren déi d'Victoire am Zäitfueren ënnert sech ausgemaach hunn. Gewonnen huet de Contre la Montre de Juan Ayuso, 8 Sekonne virum Remco Evenepoel an 9 Sekonne virum Mattias Skjelmose.
Fir de General bedeit daat, dass den Dän Mattias Skjelmose de giele Maillot verdeedege konnt. Um Enn gëtt et eng zweete Plaz fir den Spuenier Juan Ayuso (+9 Sekonnen) an eng drëtte fir de Belsch Remco Evenepoel.
Nom déidlechen Accident vum Gino Mäder haten 3 Ekippen an eng ganz Partie Coureuren decidéiert, d’Course net méi fäerdeg ze fueren, dorënner och d’Ekipp vum Lëtzebuerger Arthur Kluckers.
D'Klassement vun den Hären
1 AYUSO Juan 47.568
2 EVENEPOEL Remco + 0:08
3 SKJELMOSE Mattias + 0:09
4 BISSEGGER Stefan+ 0:23
5 VAN AERT Wout + 0:28
6 ASGREEN Kasper + 0:36
7 CATTANEO Mattia + 0:39
8 SOBRERO Matteo + 0:40
9 FISHER-BLACK Finn + 0:42
10 POWLESS Neilson + 0:46
De General
1 SKJELMOSE Mattias 21:17:19
2 AYUSO Juan 21:17:28
3 EVENEPOEL Remco 21:18:04
4 KELDERMAN Wilco 21:19:28
5 BARDET Romain 21:20:00
6 URÁN Rigoberto 21:20:06
7 UIJTDEBROEKS Cian 21:20:23
8 GALL Felix 21:20:44
9 TEUNS Dylan 21:21:48
10 TEJADA Harold 21:22:16