Marlen Reusser séchert sech d'Schlussvictoire

© AFP (Archiv)
D'Marie Schreiber ass d'Tour de Suisse net op en Enn gefuer.
D'Marlen Reusser huet d'Tour de Suisse gewonnen. D'Schwäizerin vun der Ekipp SD Worx huet sech mat enger Avance vun enger Minutt an zwou Sekonne virun hirer Coequipière Demi Vollering behaapt. Drëtt ass d'Italieenerin Elisa Longo Borghini ginn. Si hat e Réckstand vun enger Minutt a 17 Sekonnen.
Fir d'Ekipp SD Worx war et e perfekten Tour de Suisse. Insgesamt huet ee sech nieft der Schlussvictoire och nach dräi Etappevictoirë geséchert. Op der 1. Etapp war d'Blanka Vas déi Séierst. Op der 2. Etapp war et d'Marlen Reusser an op der Schlussetapp en Dënschdeg huet sech d'Neiséilännerin Niamh Fisher-Black behaapt.
Mam Marie Schreiber (SD Worx) war och eng Lëtzebuergerin um Depart. Dat 20 Joer aalt Nowuesstalent ass d'Course net op en Enn gefuer. Schonn e Mëttwoch den Owend steet d'Schreiber um Start vum Lëtzebuerger Championnat am Zäitfueren.
D'Schlussklassement
1 REUSSER Marlen Team SD Worx 7:53:22
2 VOLLERING Demi Team SD Worx 1:02
3 LONGO BORGHINI Elisa Trek - Segafredo 1:17
4 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing 1:24
5 CHABBEY Elise Canyon//SRAM Racing 3:35
6 STEELS Claire Israel Premier Tech Roland 3:38
7 IGART Urška Team Jayco AlUla 4:21
8 FISHER-BLACK Niamh Team SD Worx 4:57
9 KRAAK Amber Team Jumbo-Visma 5:03
10 RAYER Eglantine Team DSM 5:12