E Mëttwoch den Owend war am Cyclissem den Optakt vum nationale Championnat op der Strooss. Gesicht goufen déi nei Championen am Zäitfueren.

Bei der Elite mat Kontrakt huet sech den Alex Kirsch no zwou zweete Plazen 2018 an 2020 dëst Kéier de Championstitel geséchert. Hie war op de ronn 14 Kilometer 3 Sekonne méi séier wéi den Arthur Kluckers. Op de Podium huet et nach den Tom Wirtgen gepackt. Hien hat e Réckstand vun enger Minutt an 9 Sekonnen.

Bei den Espoiren ass de Championstitel un de Mathieu Kockelmann gaangen. Um Podium stoungen nach de Mats Wenzel (+18 Sekonnen) an den Arno Wallenborn (+19 Sekonnen).

Bei der Elite ouni Kontrakt gouf et e weideren Titel fir den Tim Diederich. Hie war 24 respektiv 25 Sekonne méi séier wéi de Charel Meyers an de Philippe Schmit.

Bei den Dammen ass d'Christine Majerus als Eenzegt bei der Elite mat Kontrakt gestart. Si konnt sech domadder eng weider Kéier den Titel am Zäitfuere sécheren. Et ass dee 17. Titel noeneen. Zanter 2007 ass si ongeschloen.

D'Christine Majerus ass e Mëttwoch den Owend um 7,1 km laange Circuit zu Berbuerg awer net déi séiersten Zäit gefuer. Mat 9 Minutten an 39 Sekonne war d'Nina Berton sechs Sekonne méi séier an huet sech domadder den Titel bei den Espoirs-Damme geséchert. Hannert dem Berton sinn d'Marie Schreiber (+15 Sekonnen) an d'Liv Wenzel (+58 Sekonnen) nach op de Podium gefuer.

Bei den Debutanten huet sech de Flavio Astolfi den Titel geséchert. Hien hat um Enn e Virsprong vun 13 Sekonnen op den David Loschetter an 20 Sekonnen op de Jonah Flammang-Lies.

Bei den Débutants-Meedercher huet sech d'Lena Lallemang de Championstitel geséchert. Op Plazen 2 an 3 sinn d'Kylie Bintz (+7 Sekonnen) an d'Sarah Mousel (+34 Sekonnen).

Bei de Junioren ass de Rout-Wäiss-Bloen-Trikot un de Mats Berns gaangen. Sëlwer a Bronze ware fir de Fynn Ury (+4 Sekonnen) an den Alex Kerrens (+13 Sekonnen.)

Bei de Juniorinne war d'Gwen Nothum am Séiersten. Sëlwer war fir d'Anouk Schmitz (+51 Sekonnen).

Bei de Masters konnt sech de Lucien Kirch feiere loossen. Hien huet sech mat enger Avance vu 5 Sekonne virum Marc Indergand behaapt. Bronze war fir de Marc Scheller. Hien hat e Réckstand vu 7 Sekonnen.