Dëse Weekend sinn zu Berbuerg déi national Meeschterschaften am Cyclissem. Um Samschdeg sinn d'Coursse vun der Jugend an de Masters gefuer ginn.

Bei den Debutanten hunn et mam Flavio Astolfi a mam Lenn Schmitz zwee Coureure vum UC Dippech op de Podium gepackt. De Schmitz hat ee Retard vun 2 Minutten a 14 Sekonnen op den Astolfi, komplettéiert gouf de Podium iwwerdeems vum Théo Da Costa Passetti (+6:13). Bei de Meedercher konnt d'Lena Lallemang vum CT Atertdaul d'Course fir sech entscheeden, dat virum Kylie Bintz (+0:01) an dem Sarah Mousel.

Bei de Cadets gouf et eng Victoire fir de Yanis Molter vum CC Chevigny, dee sech am Schlusssprint virum Dave Cichy duerchgesat huet a soumat säin Titel verdeedege konnt. Komplettéiert gëtt de Podium vum Ben Koenig (+0:05). Bei de Cadette gewënnt iwwerdeems d'June Nothum vum CT Atertdaul virum Chiara Christen an dem Sarah Koenig.

An der Kategorie vun de Minimes sinn de Lorenzo Astolfi vum UC Dippech an d'Enola Walsch vum CT Atertdaul als éischt iwwer d'Zillinn gefuer. Den Astolfi konnt sech däitlech virum Ben Schmitt an dem Yannis Elsen (+3:26 Minutten) behaapten, wärend d'Enola Walsch virum Nora Simon (+6:28) ukomm ass.

Bei de Masters geet déi éischt Plaz un de Pascal Maquet. Hien ass an der selwechter Zäit wéi de Lucien Kirch an de Paul Bentner iwwer d'Zillinn gefuer.

Um Sonndeg stinn dann nach d'Coursse vun de Junioren, den Dammen an den Hären um Programm.