Nina Berton eleng géint Majerus an Schreiber no um Titel

Am Cyclissem konnt d'Christine Majerus e beim Championnat op der Strooss e Sonndeg hire 14. Titel hannertenee feieren. Ma hannendrun deet sech eppes.
Am Contre la montre war d'Nina Berton scho méi séier wéi déi 36 Joer al Championne. Déi 21 Joer jonk Berton huet sech gëscht an der Course en ligne, no 79 Kilometer ronderëm Berbuerg, eréischt am Sprint, misse geschloe ginn.
Am Virfeld vum nationale Championnat am Cyclissem gouf sech schonn d'Fro gestallt, ob d'Nina Berton oder eventuell d'Marie Schreiber, d'Christine Majerus vum Troun kéint stoussen. Am Eenzelzäitfueren war dat dem Nina Berton, op mannst wat de Chrono ugeet, d'Berton war 6 Sekonnn méi séier, gelongen. Den Titel am Contre la montre war ënnert dem Stréch bei der Elite dunn awer fir d'Majerus, well d'Berton bei den Espoiren ageschriwwe war. An der Stroossecourse ass et dunn knapps net duergaangen fir d'Nina Berton.
Si war op sech eleng gestallt. D'Marie Schreiber an d'Christine Majerus si bei SD Works an der nämmlechter Profiequipe. D'Taktik 2 géint eent ass dann och opgaangen.
D'Christine Majerus ass déi 14. Kéier an der Course en ligne als Éischt iwwert d'Arrivée gefuer. Déi 7-fach Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer weess awer och, datt si dësen Titel zu engem groussen Deel dem Marie Schreiber ze verdanken huet.
Beim Nina Berton, déi mat hiren 21 Joer bei der Profiequipe Ceratizit ass, geet et, wat d'Form ugeet, jiddwerfalls fir déi nächst Wochen, an och fir den Tour de France Femmes, deen den 23. Juli zu Clermont Ferrand ufänkt, an déi richteg Richtung.
Fir d'Nina Berton geet et elo an d'Héichtentrainingslager. Nieft dem Tour de France Femmes, ass awer dann och am August d'Weltmeeschterschaft zu Glasgow a Schottland e weideren Héichpunkt vun der Saison.
Beim Tour de France Femmes, dee wéi gesot, den 23. Juli zu Clermont Ferrand ufänkt, an den 30. Juli zu Pau op en Enn geet, ginn am Prinzip mam Nina Berton an och mam Christine Majerus 2 Lëtzebuergerinnen un den Depart.