E Samschdeg ass den Depart vun der 110. Editioun vum Tour de France am spuenesche Bilbao.

Mam Alex Kirsch, Bob Jungels a Kevin Geniets ginn dëst Joer 3 Lëtzebuerger un den Depart. Hir verschidde Rollen an den Ekippe si relativ kloer.

Virschau Tour de France / Reportage Rich Simon

Dem Alex Kirsch seng Aufgab ass et virun allem, dem Mads Pedersen an de Sprinter ze hëllefen. Dernieft ass am Lëtzebuerger Champion senger Ekipp mam Mattias Skjellmose awer och nach ee Mann, dee fir de General fiert. An och deem dierft den Alex Kirsch déi eng oder aner Kéier ënnert d'Äerm gräifen.
Fir den Alex Kirsch heescht dat, datt an den nächsten 3 Woche vill Aarbecht op hien duerkënnt.

Mir hunn eng ganz staark Ekipp, op ville verschiddene Fronten. Dat gëllt et, esou gutt wéi méiglech ze geréieren. Ech denken, datt mir éischter vun Dag zu Dag kucken a jiddwerengem eng Zilsetzung fir den Dag ze setzen. De Mattias huet schonns d'Ambitioun fir gutt ze fueren. Mee et ass säin éischten Tour de France an déi éischte Kéier, wou hien op de General fiert. Dofir denken ech och, datt hie vun Dag zu Dag kuckt. Meng Roll wäert virun allem sinn, fir de Mads ze ënnerstëtzen am Sprint. Mat all deenen Ambitiounen, déi mir hunn, wäert ech vill Aarbecht kréien.

De Bob Jungels, deen zejoert eng Etapp konnt gewannen, dierft sécherlech déi eng oder aner Kéier probéieren, an eng Echappée eranzekommen a seng Kaarten auszespillen. Dëst Joer war säi Coursë-Kalenner een anere wéi soss:

"Giro an Tour hunn ech nach ni gemaach virdrun. Et ass eng Première fir mech. Ech sinn elo frou, fir hei ze sinn an ech hu mech gutt vum Giro erholl. Déi 3 éischt Etappe sinn hefteg. Dat si mir net esou gewinnt an engem Grand Tour. Et geet ëm eng Etapp am Tour an dann denken ech, datt Vollgas gefuer gëtt."

Déi éischt 3 Deeg ginn am spuenesche Baskeland gefuer mat vill Bierg op a Bierg of.

Den 3. Lëtzebuerger ass de Kevin Geniets. Hien dierft sech virun allem an den Déngscht vum David Gaudu stellen. De Fransous wëll eng Roll am General matspillen.

De Kevin Geniets ass zefridde mat senger Preparatioun: "Et ass alles gutt verlaf. Den Dauphiné war eng wichteg Phas an der Preparatioun, wou et richteg gutt gelaf ass. Ech fille mech gutt a sinn definitiv prett."

Am Ganze ginn 21 Etappe gefuer. D'Arrivée ass wéi gewinnt zu Paräis op de Champs Elysées.