Den Adam Yates gewënnt viru sengem Zwillingsbrudder Simon
Den Adam Yates setzt sech op der 1. Etapp vun der 110. Editioun duerch an iwwerhëlt domat de Maillot Jaune, de Bob Jungels war de beschte Lëtzebuerger.
Déi zwee Bridder aus Groussbritannien konnte sech knapp 10 Kilometer virun der Arrivée ofsetzen. Um Enn ass et den Adam Yates, dee sech géint de Simon duerchsetze kann, wärend säi Coequipier Tadej Pogačar de Podium komplettéiert.
Beschte Lëtzebuerger war iwwerdeems de Bob Jungels mat engem Retard vun 3 Minutten a 37 Sekonnen op der 59. Plaz. De Kevin Geniets ass mat engem Retard vun 11:03 de 95. ginn, wärend den Alex Kirsch als 130. (+13:53) iwwert d'Zillinn gefuer ass. Dës Plazen hunn déi 3 Lëtzebuerger Coureuren no der 1. Etapp och am Generalklassement.
Vir am General iwwerhëlt den Adam Yates domadder och de Maillot Jaune. Hie läit 8 Sekonne virum Simon Yates an 18 Sekonne virum Tadej Pogačar. Mam Jonas Vingegaard ass de Gewënner vum leschte Joer aktuell mat engem Retard vun 22 Sekonnen op der 9. Plaz.
Op der 182 Kilometer laanger an hiwweleger Etapp zu Bilbao a Spuenien stoung mam Col de Morga eng Montée vun der véierter Kategorie um Programm.
Eng Echappée aus 5 Coureuren konnt ouni Problem vum Peloton ageholl ginn, dee ronderëm de Col de Morga den Tempo ugezunn huet. Ënner anerem de Mads Pedersen, de Fabio Jakobsen an de Peter Sagan sinn domat ronn 40 Kilometer virun der Arrivée ecartéiert ginn.
Den Enric Mas an de Richard Carapaz sinn iwwerdeems an der Descente vun der Côte de Vivero gefall. Wärend de Carapaz vill Zäit verluer huet, huet de Mas, Kapitän vu Movistar, d'Course missen opginn.
Ronn 10 Kilometer viru Schluss ass de Peloton dunn ëmmer méi auserneegefall an et waren d'Zwillingsbridder Adam a Simon Yates, déi sech un der Spëtzt ofsetze konnten. Den Tadej Pogačar an de Jonas Vingegaard waren e puer Sekonnen hannendrun an engem Grupp aus knapp 15 Coureuren a sinn um Enn op déi 3. respektiv op déi 9. Plaz komm.
E Samschdeg den Owend koum d'Nouvelle, datt de Carapaz net méi weider ka fueren. Hien huet sech bei der Chute eng kleng Fraktur am lénke Knéi zougezunn a muss doduerch opginn.
D'Klassement vun der Etapp
1 YATES Adam UAE Team Emirates 4:22:49
2 YATES Simon Team Jayco AlUla +0:04
3 POGACAR Tadej UAE Team Emirates +0:12
4 PINOT Thibaut Groupama - FDJ ,,
5 WOODS Michael Israel - Premier Tech ,,
6 LAFAY Victor Cofidis ,,
7 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe ,,
8 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek ,,
9 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma ,,
10 GAUDU David Groupama - FDJ ,,
...
59 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe +3:37
95 GENIETS Kevin Groupama - FDJ +11:03
130 KIRSCH Alex Lidl - Trek +13:53
De General
1 YATES Adam UAE Team Emirates 4:22:49
2 YATES Simon Team Jayco AlUla +0:08
3 POGACAR Tadej UAE Team Emirates +0:18
4 PINOT Thibaut Groupama - FDJ +0:22
5 WOODS Michael Israel - Premier Tech ,,
6 LAFAY Victor Cofidis ,,
7 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe ,,
8 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek ,,
9 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma ,,
10 GAUDU David Groupama - FDJ ,,
...
59 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe +3:47
95 GENIETS Kevin Groupama - FDJ +11:13
130 KIRSCH Alex Lidl - Trek +14:03