Marie Schreiber a Loïc Bettendorff séchere sech den Titel op der Strooss

© FSCL / Facebook
De Weekend goufen an der Schwäiz déi nei Lëtzebuerger Champione bei den U23 op der Strooss gesicht.
Am Kader vum Véierlännerchampionnat bei den U23-Dammen huet sech e Sonndeg zu Märwil an der Schwäiz d'Marie Schreiber de Lëtzebuerger Championstitel an der Stroossecourse geséchert. D'Coureuse vun der Ekipp SD Worx hat no 113 Kilometer eng Avance vu 6 Minutten an 48 Sekonnen op d'Liv Wenzel. Um Podium stoung nach d'Maïté Barthels mat engem Retard vu 7 Minutten a 15 Sekonnen.
Zu Märwil an der Schwäiz gouf beim Dräilännerchampionnat bei den Hären och de Lëtzebuerger U23-Champion gesicht. An do huet sech de Loïc Bettendorff behaapt. An der nämmlechter Zäit ass Sëlwer un de Mathieu Kockelmann gaangen. De Mats Wenzel hat no 154 Kilometer e Réckstand vun enger Minutt a véier Sekonnen.

© FSCL / Facebook
D'Klassementer
Dammen
1 SCHREIBER Marie Team SD Worx 3:02:45
2 WENZEL Liv Hess Cycling Team 6:48
3 BARTHELS Maïté Hess Cycling Team 7:15
DNF BARTHELS Layla Hess Cycling Team -
DNF HERMES Sophie -
Hären
1 BETTENDORFF Loïc Leopard TOGT Pro Cycling 3:42:38
2 KOCKELMANN Mathieu Team Lotto - Kern Haus ,,
3 WENZEL Mats Leopard TOGT Pro Cycling 1:04
4 KARIER Tim 1:22
5 SCHMITZ Jo Team Dauner | Akkon 1:24
6 URY Noé 1:25
7 KESS Alexandre Materiel-Velo.com 1:26
8 PEREIRA MARQUES Rafael ,,
9 GLOESENER Jacques Materiel-Velo.com ,,
10 WALLENBORN Arno 1:28