Victor Lafay séchert sech d'Victoire

© AFP
Leader am General bleift den Adam Yates.
Op der 2. Etapp vum Tour de France konnt sech no 209 Kilometer mat 5 Biergpräisser tëscht Vitoria-Gasteiz a San Sebastian de Victor Lafay d'Victoire sécheren. De Fransous huet am leschte Kilometer déi decisiv Attack gesat a sech um Enn knapp virum Wout van Aert an dem Tadej Pogacar d'Victoire geséchert.
Am General bleift den Adam Yates un der Spëtzt.
De Bob Jungels ass als beschte Lëtzebuerger den 49. op 5 Minutte ginn. De Kevin Geniets hat als 64. e Réckstand vu 7 Minutten. Den Alex Kirsch ass den 82. op 11 Minutten an 42 Sekonne ginn.
Am General ass de Jungels de 45. op knapp 9 Minutten, de Geniets ass den 62. op ronn 18 Minutten an de Kirsch ass de 96. op knapp 26 Minutten.
An der Echappée vum Dag ware mam Neilson Powless, Edward Boasson Hagen a Rémi Cavagna dräi Coureure vertrueden. An der drëttleschter Schwieregkeet vum Dag konnt de Cavagna den Tempo un der Spëtzt net méi matgoen an huet misse lassloossen. Am zweetleschte Bierg huet dunn och de Boasson Hagen lassgelooss. 34 Kilometer virun der Arrivée louch de Powless dunn eleng un der Spëtzt, dat mat enger Avance vu knapp zwou Minutten op de Peloton mat de Lëtzebuerger Alex Kirsch, Bob Jungels a Kevin Geniets.
19 Kilometer virun der Arrivée am leschte Bierg vum Dag (2. Kategorie) gouf de Powless als leschte Coureur aus der Echappée vum Peloton agefaangen. An dësem war den Tempo héich an hannen hunn ëmmer méi Coureure misse lassloossen.
Am Kampf ëm de leschte Biergpräis, 16 Kilometer virun der Arrivée, hunn de Jonas Vingegaard an den Tadej Pogacar den Tempo nach emol erhéicht a konnte sech eng liicht Avance erausfueren. An der Descente goufe si awer nees agefaangen. Am éischte Grupp mat 24 Coureure war deen Ament kee Lëtzebuerger méi vertrueden.
Op de leschte Kilometer gouf et e puer Attacken an déi vum Victor Lafay sollt déi richteg sinn. De Fransous huet sech duerchgesat. D'Plazen 2 an 3 ware fir de Wout van Aert an den Tadej Pogacar.
Op RTL Tëlee an op RTL.lu kënnt Dir all d'Etappe vum Tour de France live suivéieren.
D'Klassement
1 LAFAY Victor Cofidis 4:46:39
2 VAN AERT Wout Jumbo-Visma ,,
3 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates ,,
4 PIDCOCK Thomas INEOS Grenadiers ,,
5 BILBAO Pello Bahrain - Victorious ,,
6 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek ,,
7 WOODS Michael Israel - Premier Tech ,,
8 BARDET Romain Team dsm - firmenich ,,
9 TEUNS Dylan Israel - Premier Tech ,,
10 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe ,,
...
49 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 5:00
64 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 7:00
82 KIRSCH Alex Lidl - Trek 11:42
De General
1 YATES Adam UAE Team Emirates 9:09:18
2 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 0:06
3 YATES Simon Team Jayco AlUla ,,
4 LAFAY Victor Cofidis 0:12
5 VAN AERT Wout Jumbo-Visma 0:16
6 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 0:17
7 WOODS Michael Israel - Premier Tech 0:22
8 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek ,,
9 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe ,,
10 LANDA Mikel Bahrain - Victorious ,,
...
45 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 8:47
62 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 18:13
96 KIRSCH Alex Lidl - Trek 25:45