E Méindeg goung et op der 3. Etapp vum Tour de France iwwer 193,5 Kilometer vun Amorebieta-Etxano op Bayonne.

Direkt zum Ufank vun der Etapp hu sech mam Neilson Powless (EF Education-EasyPost) a Laurent Pichon (Arkea-Samsic) zwee Coureuren duerch d'Bascht gemaach. Den Neilson Powless war jo schonns um Sonndeg an der Echappée a wollt um Méindeg weider Punkten am Klassement vum beschte Grimpeur sammelen. Den US-Amerikaner dréit dësen Trikot jo schonns zanter der 1. Etapp. Hien huet op der 3. Etapp dann och de Maximum vun de Punkte gesammelt.

Nodeems d'Echappée ageholl gouf, ass de Peloton beienee bliwwen, esou datt et zu engem Massesprint komm ass. Hei konnt sech de Jasper Philipsen duerchsetzen. De Belsch gewënnt virum Phil Bauhaus an dem Caleb Ewan. Den Alex Kirsch gëtt den 18., de Bob Jungels den 28. an de Kevin Geniets fiert als 115. mat engem Retard vun 59 Sekonnen iwwer d'Ligne d'Arrivée.

Am General bleift alles beim Alen, deemno fiert den Adam Yates weiderhin a Giel. Hien huet 6 Sekonnen Avance op den Tadej Pogacar a säin Zwillingsbrudder Simon Yates.

Op RTL Tëlee an op RTL.lu kënnt Dir all d'Etappe vum Tour de France live suivéieren.

D'Klassement vun der Etapp

1 PHILIPSEN Jasper Alpecin-Deceuninck 4:43:15
2 BAUHAUS Phil Bahrain - Victorious 0:00
3 EWAN Caleb Lotto Dstny 0:00
4 JAKOBSEN Fabio Soudal - Quick Step 0:00
5 VAN AERT Wout Jumbo-Visma 0:00
6 CAVENDISH Mark Astana Qazaqstan Team 0:00
7 MEEUS Jordi BORA - hansgrohe 0:00
8 GROENEWEGEN Dylan Team Jayco AlUla 0:00
9 PEDERSEN Mads Lidl - Trek 0:00
10 COQUARD Bryan Cofidis 0:00
...
18 KIRSCH Alex Lidl - Trek 0:00
28 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 0:00
115 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 0:59

De General

1 YATES Adam UAE Team Emirates 9:09:18
2 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 0:06
3 YATES Simon Team Jayco AlUla ,,
4 LAFAY Victor Cofidis 0:12
5 VAN AERT Wout Jumbo-Visma 0:16
6 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 0:17
7 WOODS Michael Israel - Premier Tech 0:22
8 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe ,,
9 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers ,,
10 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek ,,
...